E Samschdeg am Nomëtteg ass et an engem Café zu Dikrech zwee Männer gelongen, e Spillautomat opzebriechen.

Éier d'Täter allerdéngs Sue klaue konnten, goufe si vum Besëtzer vum Café erwëscht. Eng Persoun konnt flüchten an déi aner gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Béid Männer ginn och verdächtegt, schonns e Freideg zu Ettelbréck e Spillautomat opgebrach a Geld geklaut ze hunn.