
© AFP Archivbild
Well sech d'Ministeren aus dem Euro-Grupp net eeneg waren, wie Chef vum Europäesche Stabilitéitsmechanissem gëtt, iwwerhëlt lo emol de Christophe Frankel.
De Fransous, deen zanter 2012 beim ESM dobäi ass, iwwerhëlt d'Successioun vum Klaus Regling am Interim bis d'Enn vum Joer.
Bis ewell war de Finanzexpert Adjoint vum Klaus Regling.
De fréiere Finanzminister Pierre Gramegna war jo nach mat an der Course, fir de Poste vum ESM-Direkter z'iwwerhuelen, bis hie seng Kandidatur no 3 Uleef ouni Succès virun zwou Wochen offiziell zeréckgezunn huet. Dem Pierre Gramegna seng Kandidatur hat bei de successive Votten am Euro-Grupp net déi néideg Majoritéit vun den 80 Prozent vun de Stëmme krut.
Enn zejoert hat den DP-Politiker der nationaler Politik de Réck gedréint, do virdrun hat hien 2 Mol kandidéiert, fir President vum Eurogrupp ze ginn - 2 Mol ouni Succès.