Mam Helikopter, mam Auto, mam Vëlo, oder ze Fouss. De "Géant de Provence" ass ëmmer en Erliefnis. RTL war hautno fir Iech dobäi.

Mam Valentin Paret-Peintre konnt sech op der 16. Etapp vum Tour de France fir déi éischte Kéier dëst Joer e Fransous duerchsetzen. Ausgerechent um legendäre Mont Ventoux war d'Etappevictoire fir de 24 Joer ale Profi vun der Ekipp Soudal Quick-Step.

RTL hat d'Geleeënheet, dee mythesche Bierg aus alle Perspektiven ze betruechten. Aus der Loft, aus dem Begleetauto eraus an natierlech och aus der Siicht vun den dausende Fans, déi laanscht d'Streck stoungen.