Valentin Paret-Peintre gewënnt um Mont Ventoux
Et ass déi éischt franséisch Victoire an dëser Grande Boucle.
Op der 16. Etapp am Tour de France gouf et no 171,5 Kilometer vu Montpellier op de Mont Ventoux, e mystesche Col vu 15,7 Kilometer an enger Steigung vun 8,8 Prozent an der Moyenne, erop e Succès vum Valentin Paret-Peintre. De 24 Joer ale Fransous setzt sech aus enger Echappée eraus virum Ben Healy aus Irland duerch. De Kolumbianer Santiago Buitrago gëtt op 4 Sekonnen den Drëtten.
Déi zwee Éischt am Generalklassement, den Tadej Podacar an de Jonas Vingegaard, waren an der Schlussmontée déi ganzen Zäit beieneen. Um Enn fiert de Pogacar als Fënneften 43 Sekonnen nom Gewënner iwwert d‘Arrivée. Den Dän Vingegaard huet als Sechsten zwou Sekonnen op de Slowen verluer.
Nom Roudag e Méindeg ass de Mathieu Van der Poel en Dënschdeg wéinst enger Longenentzündung net méi un den Depart gaangen. Déi éischt Echappée vum Dag ass no 72 gefuerene Kilometer erëm agefaange ginn. An der Suite huet sech e Spëtzegrupp vun 28 Coureure forméiert, deen no enger Attack vum Julian Alaphilippe gesprengt gouf. Mat vir dobäi waren ënner anerem den Thymen Arensman, den Enric Mas an de Jonas Abrahamsen. De Leschtgenannte konnt sech um eenzegen Tëschesprint vum Dag zu Châteuneuf-du-Pape duerchsetzen.
De Peloton, dee gréisstendeels vun der Ekipp vum Tadej Pogacar kontrolléiert gouf, huet d'Echappée fuere gelooss an hat tëschenzäitlech ee Retard vun iwwer 6 Minutten. Am Spëtzegrupp huet de Julian Alaphilippe probéiert sech ofzesetzen. Mas, Velasco an Arensman sinn awer dru bliwwen. 14 Kilometer virun der Arrivée, um Fouss vum Mont Ventoux, huet den Enric Mas attackéiert a konnt seng Konkurrenten distanzéieren.
Am Peloton huet d'Team Visma | Lease a Bike den Tempo verschäerft. Ronn 7 Kilometer virun der Arrivée huet de Jonas Vingegaard attackéiert, nëmmen den Tadej Pogacar ass dru bliwwen. Ganz vir am Verfolgergrupp hunn de Ben Healy an de Valentin Paret-Peintre ferm an d'Pedalle gedréckt an hunn den Enric Mas 4 Kilometer viru Schluss nees agefaangen. De Santiago Buitrago ass dobäi komm.
An der Schlussphas goufen et eng Partie Attacken. Ronn 1,2 Kilometer virun der Arrivée huet den Tadej Pogacar attackéiert, de Jonas Vingegaard ass awer am Slowen sengem Rad bliwwen. Ganz vir konnt den Ilan Van Wilder un de Spëtzegrupp uschléissen. Um Enn konnt sech de Valentin Paret-Peintre am Sprint virum Ben Healy behaapten. Hannendrun huet sech den Tadej Pogacar op deene leschte Meter nach e bësse vum Jonas Vingegaard ofgesat a konnt dem Dän nach 2 Sekonnen ofknäppen.
Am General bleift den Tadej Pogacar weiderhin vir. Zweeten ass de Jonas Vingegaard op 4 Minutten a 15 Sekonnen. De Florian Lipowitz ass mat engem Retard vun 9 Minutten an 3 Sekonnen den Drëtten.
E Mëttwoch geet et op der 17. Etapp iwwer éischter flaach 160,4 Kilometer vu Bollène op Valence.
D'Klassementer vun der Etapp an de General