Lëtzebuerger Uniforme kréie mam Trounwiessel en neie Monogramm

CGDIS-Uniformen, sou wéi se hei um Neijoerschpatt vum CGDIS den 13. Januar 2025 ze gesi waren, wäerte mam Trounwiessel en neie Monogramm op den Epaulettë kréien. / © Domingos Oliveira / RTL-Archiv
Villäicht ass en Iech scho mol op diversen Uniformen opgefall: Rieds ass vum "H" mat der Kroun, also dem offizielle Monogramm vum Grand-Duc Henri.
Dësen ass op verschiddenen Uniformen, ënner anerem vum CGDIS, vun der Police oder och vun der Arméi* ze fannen. Wärend e bei der Police an der Arméi a Form vun enger metallener Spéngel Deel vun der Uniform ass, ass e beim CGDIS op den Epauletten, déi den Déngschtgrad ausdrécken, ze fannen, krute mir vum Pressebüro vum CGDIS op Nofro hin erkläert. Op wéi engen Uniforme genee dëse Monogramm ze gesinn ass, hänkt vum Déngschtgrad of. Op den alldeeglechen Asaz-Tenuen ass en zum Beispill net ze fannen.
Och am offizielle Reglement zu de verschiddene Graden, Tenuen, Ofzeechen an Attributer vum CGDIS-Personal ass d'Positioun vum Monogramm definéiert:
"Sur les fourreaux d’épaules et les pattes d’épaules, l’insigne de grade est surmonté par le monogramme doré du chef de l’État."
Bei der Grënnung vum CGDIS 2018 krut de Grand-Duc de Monogramm presentéiert an huet säin Accord fir dëse ginn. Mam Trounwiessel am Oktober ännert en allerdéngs säi Look: Aus dem "H" fir Henri, gëtt e "G" fir Guillaume. Dësen neie Monogramm muss allerdéngs nach entworf a bestallt ginn, esou de CGDIS, deen doriwwer eraus betount, datt e warscheinlech net scho fir Ufank Oktober wäert iwwerall an Ëmlaf sinn.
*Vun enger Lieserin si mer dorop higewise ginn, datt och d'Agents pénitentiaires, also d'Giischtercher, de Monogramm mam "H" (ofhängeg vum Déngschtgrad) op hiren Uniformen droen.

© Screenshot vum offizielle Site vum CGDIS
Och d'Mënz kréien en neie Look
Mam Trounwiessel ännert allerdéngs net just d'Optik vum groussherzogleche Monogramm op den Uniformen, ma nach eng Rei Saachen, mat deene mir am Alldag méi ze dinn hunn. Sou ënner anerem och d'Gravure vun de Lëtzebuerger Euromënz. Wéi d'Lëtzebuerger Zentralbank (BCL) eis op Nofro hi confirméiert huet, gouf ee vum Premier Luc Frieden a vum Finanzminister Gilles Roth mat der Aufgab beoptraagt, nei Mënz ze produzéieren, op deenen de Portrait vum zukünftege Groussherzog Guillaume ofgebillt wäert sinn. D'BCL geet allerdéngs net dovunner aus, datt dës virun 2026 wäerten do sinn.
Och hate mir beim groussherzoglechen Haff no Detailer zu all dësen Ännerunge gefrot. Hei huet et geheescht, datt ee kuerz virum Trounwiessel weider Informatiounen an och Fotoe publizéiere wäert.