Laser op der Rouder Bréck
Éischt Tester fir d'Feierlechkeete ronderëm den Trounwiessel am Oktober
Net schlecht gestaunt hunn déi Leit, déi um Méindeg den Owend op oder bei der Rouder Bréck an der Stad ënnerwee waren.
Hei waren zwou Fuerspuere gespaart ginn, fir dass hei spektakulär Laser, Luuchten an Niwweleffekter konnte getest ginn. Dëse Spektakel war awer keng spontan Aktioun, mee RTL-Informatiounen no schonn éischt Tester fir d'Feierlechkeete ronderëm den Trounwiessel am Oktober.
Och wann hei nach keng Detailer bekannt sinn, wéi genau dëse Moment soll iwwer d'Bün goen, sou schéngt d'Rout Bréck an dëse Liichtspektakel hei och eng Roll ze spillen. Et däerf ee sech deemno wuel nach op weider Iwwerraschungen astellen.
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies