De Marc Einsweiler hat säin Duerchbroch mat de Péckvillercher mat enger Editioun vum Superjhemp. Elo kënnt en neien Highlight dobäi.

An enger Woch ass et erëm souwäit, da wäerten dausende Leit sech Rendez-vous an der Stad oder zu Nouspelt ginn, fir ee vun de gefrote Péckvillercher ze kréien. An do loossen sech d'Aulebäcker all Joer och ëmmer erëm eppes afalen - sou och de Marc Einsweiler.

De Marc Einsweiler mécht elo schonn 10 Joer laang Péckvillercher, de Syndicat d'Initiative aus senger Gemeng hat emol en Atelier an der Gemeng ugebueden an do hat hie sech mat Kolleegen ageschriwwen. Zanterdeem geet hien dëser Passioun gären no. Dat ganzt wier och immens stressfräi a wann een e mol en Ament Rou brauch, wier dat genee dat Richtegt.
 
Uganks huet hien der fir eng Eemaischen just 25 Péckvillercher gemaach, no an no sinn et der ëmmer méi ginn.  Eng Superjhemp-Serie war du säin Duerchbroch an zanterdeem froen d’Leit all Joer nom Marc senge Péckvillercher.

Mëttlerweil huet en eng nei Serie, dat sinn déi sougenannten Alldagshelden. All Joer ass et en anert Thema, dëst Joer ass et de Beruff vum Polizist. Nieft dem Polizist Nicolas ass et awer och e ganz extrae Péckvillchen am Kader vum Trounwiessel den 3. Oktober, deen de Marc dëst Joer verkeeft. De Monseigneur, also den Ierfgroussherzog Guillaume sollt et sinn. Hie géing sech wënschen der Groussherzoglecher Famill sou een och iwwerreechen ze kënnen.
 
Eng zwou Stonne géing de Marc pro Péckvillche brauchen a vum Monseigneur ginn et der um Enn eng ronn 200 Stéck. Et war déi lescht Wochen also zimmlech vill Aarbecht, fir alleguerten d'Polizisten an d'Royals mat Zäite fäerdeg ze kréien.

Zanter 1957 gëtt et elo d'Eemaischen zu Nouspelt an der Gemeng ass dës Lëtzebuerger Traditioun ass do och staark verankert. De Marc Einsweiler ass ee vun den 9 Aulebäcker, déi op Ouschterméinden hir Kreatiounen zu Nouspelt verkafen. Vläicht geléngt et iech jo ee vun dëse vill gefrote Péckvillercher ze kréien, mee opgepasst, et heescht fréi u sinn, well se si nawell ëmmer gefrot.

RTL

© Loïc Juchem