Offiziell Zeremonie den 3. Oktober, den Dag drop si Festivitéiten uechter d'Land

© Maison du Grand-Duc
D'Maison du Grand-Duc an de Staatsministère hunn e Méindeg éischt Detailer iwwer den Oflaf vun de Feierlechkeeten am Kader vum Trounwiessel bekannt ginn.
Wéi et an engem Schreiwes heescht, wäert déi offiziell Zeremonie freides den 3. Oktober sinn. Op deem Dag wäert de Grand-Duc Henri a Presenz vum Chamberpresident a vum Premierminister seng Ofdankung ënnerschreiwen. Duerno ass dann déi feierlech Vereedegung vum Ierfgroussherzog Guillaume als neie Grand-Duc an der Chamber.
Duerno weist sech déi groussherzoglech Famill um Balcon vum Palais an de Public kritt d'Geleeënheet, déi nei groussherzoglech Koppel um Knuedler ze begréissen.
Den éischten Dag vun de Festivitéite gëtt ofgeschloss mat engem Gala-Dinner am Palais.
Samschdeg de 4. Oktober sinn de ganzen Dag Feierlechkeeten a verschiddene Stied an op symbolesche Plazen uechter d’Land.
Jiddereen dee Loscht huet, kann der neier groussherzoglecher Koppel op dräi grousse Volleksfester begéinen,op deenen den Trounwiessel gefeiert gëtt. Dat zu Wolz, zu Diddeleng an an der Stad. Et ginn och Statiounen zu Stengefort an zu Gréiwemaacher gemaach.
Den Dag gëtt um Glacis ofgeschloss. Dat mat enger Droneshow begleet vun engem Concert, deen déi lëtzebuergesch Kënschtler-Zeen an de Mëttelpunkt stellt.
Sonndes de 5. Oktober wäert déi groussherzoglech Famill, op Invitatioun vum Äerzbëschof, un engem Te Deum an der Kathedral Notre Dame zu Lëtzebuerg deelhuelen.
Weider Detailer iwwer den Oflaf vun de Feierlechkeeten am Oktober ginn zu engem spéideren Zäitpunkt bekannt gemaach.