Virum Trounwiessel am Oktober steet fir déi groussherzoglech Famill ee weidert wichteg Evenement un.

Dëse Weekend feiert een nämlech 25 Joer Herrschaft vum Grand-Duc Henri. An deem Kontext hunn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse elo un engem 40 Minutte laangem Podcast deelgeholl.

Siwe Schüler aus der Europaschoul zu Mamer haten d'Geleeënheet, mat der groussherzoglecher Koppel iwwert d'Froen an d'Hoffnunge vun der jonker Generatioun ze diskutéieren. D'Theeme goufe vun de Schüler erausgesicht: Besonnesch interesséiert hu si sech fir d'Beräicher Ëmweltschutz, Klimawandel, Educatioun, Fraerechter an d'Roll vu Lëtzebuerg an der Welt.

Dat komplett Gespréich kann ee sech op der Websäit vum Haff ukucken.