Et war ee vun den Highlighten an der offzieller Feier fir den Nationalfeierdag e Méindeg an der Philharmonie: eng Retrospektiv vu ronn enger hallwer Stonn.

De Règne vum Grand-Duc Henri, deen den 3. Oktober op en Enn kënnt, gouf dora Revue passéiere gelooss. D'Realisatrice Valentine Patry vu Feelingside Productions hat de Staatschef selwer virun d'Kamera geholl, war awer och an d'Archive wullen an huet dernieft eng ganz Rëtsch Zäitzeien, déi de Grand-Duc op deene leschte 25 Joer begleet hunn, zu Wuert komme gelooss.

An éischter Linn natierlech seng Fra Maria Teresa. Si hätt eng onwarscheinlech Energie ("énergie incroyable"), esou de Staatschef, géif vill schaffen a vill fir d'Land maachen. Am Film gouf ënnert anerem hiren Engagement an Afrika gewierdegt an och hiren Asaz fir d'Affer vu Krichsverbrieche mat der Initiativ "Stand. Speak. Rise up!".

"Ech hoffen, datt ech vu béiden Elteren dat Bescht konnt ierwen", sot den Nach-Ierfgroussherzog Guillaume am Film. Vu senger Mamm wier dat d'Liichtegkeet, mat där se Kontakt zu de Leit géif ophuelen, a vu sengem Papp wier et de "Sens du devoir". Op d'Gewëssenhaftegkeet, mat där de Grand-Duc seng Tâche ëmmer erfëllt hätt, hunn eng ganz Rëtsch Familljememberen a Perséinlechkeeten am Film higewisen.

Op Mënzen an Timberen

Och Anekdote koumen am 35 Minutte laange Film net ze kuerz: Esou huet de Grand-Duc Henri beschriwwen, wéi e sech gefillt huet, wéi e fir d'éischt säi Kapp op den Euro-Mënze gesinn huet. Et wier "invraisemblable" gewiescht, seng "Effigie" dorop ze gesinn. Nach haut géif en am Ausland ëmmer kucken, ob en net op den Euro-Mënzen ze gesi wier. Am Film goufen awer och Timbere gewisen, Timbere mam Kapp vum Grand-Duc drop, nett ëmsoss gëtt et déi al Bezeechnung Käppercher fir d'Timberen.

Vun de ville Reesen, déi de Grand-Duc respektiv déi grousshezoglech Koppel an de leschte 25 Joer gemaach huet, koum virun allem d'Destinatioun Japan zu Éieren – och well et déi lescht grouss Auslandsrees vum Grand-Duc elo viru Kuerzem war, mat ënnert anerem der Visitt vun der Weltausstellung zu Osaka.

D'Fro vun der Legitimitéit

Gewise goufen dernieft eng ganz Partie historesch Opnamen, bis zeréck bei den Zweete Weltkrich. De Grand-Duc huet an deem Kontext d'Legitimitéit vu sengem Amt reflektéiert. Nom Krich wier déi quasi natierlech do gewiescht, elo misst ee sech déi selwer ginn, lo misst een dofir schaffen.

An dat schéngt dem Staatschef gelongen ze sinn, well am Film hunn national Politiker wéi de Luc Frieden an de Jean-Claude Juncker an och international Politiker wéi de Frank-Walter Steinmeier an d'Koppel Macron vill Respekt fir de Grand-Duc geäussert.

Zum Ofschloss vun der Retrospektiv hunn eng ganz Partie Leit aus alle Schichten dem Grand-Duc an der Grande-Duchesse Äddi a Merci gesot – dat koum vun Häerz an dat goung och direkt an d'Häerz, déi groussherzoglech Koppel war no der Projektioun op alle Fall ganz emouvéiert ...