"Bis de leschten Dag vu mengem Règne meng Flicht erfëllen"
E Méindeg de Moien an der Philharmonie huet de Staatschef seng lescht offiziell Ried fir Nationalfeierdag gehalen. Et war e ganz emotionalen Ament.
"Dësen Nationalfeierdag ass fir mech scho vu grousser Emotioun an Dankbarkeet." Dat sot de Grand-Duc Henri direkt am Ufank vu senger Ried e Méindeg de Moien op der ziviller Zeremonie, fir den Nationalfeierdag ze feieren. Wéi de Staatschef dat géif mengen, konnten d'Leit an der Philharmonie an och doheem virum Fernsee oder ënnerwee um Livestream sécher all gutt novollzéien: Et war nämlech seng lescht offiziell Usprooch op Nationalfeierdag. No 25 Joer un der Spëtzt vum Land trëtt de Grand-Duc jo Ufank Oktober of, dann iwwerhëlt säin eelste Fils Guillaume.
Kraaft duerch Vertrauen an Ënnerstëtzung
Den Trounwiessel war dann och dat dominant Theema an der Ried. Viru 25 Joer hätt hie säin Eed geleescht, esou de Grand-Duc Henri, an dat "deemools wéi haut, gedroen duerch de Wëllen, mech mat Loyautéit, Respekt [...] an den Déngscht vum Land ze stellen". An deene Jore wier hien och ni eleng gewiescht: "U menger Säit stoung meng Fra, d'Grande-Duchesse, déi mech mat hirer Léift, hirem Engagement an hirer Sensibilitéit begleet huet." Mat hirem Asaz fir humanitär Zwecker hätt si "d'Wäerter vu Solidaritéit a Mënschlechkeet gelieft, déi de Kär si vun eiser Identitéit".

Zesummen hätte si vill schéi Momenter erlieft a sech och villen Erausfuerderunge gestallt, dobäi wier de Support vu Land a Leit besonnesch wichteg gewiescht: "Ëmmer erëm hu mir aus Ärem Vertrauen an Ärer Ënnerstëtzung nei Kraaft gezunn, fir eis Missioun ze erfëllen."
Lëtzebuerg wier haut e modernt, dynamescht a weltoppent Land, dat gläichzäiteg senge Wuerzelen a senge Wäerter trei bleift: "Dës Harmonie tëscht Traditioun an Innovatioun hu mir alleguer zesummen opgebaut a mir wäerte se och zesumme weiderliewen."
Luef fir d'Gesellschaft a fir d'Politik
Datt an de leschte 25 Joer d'Finanzkris, d'Pandemie an den internationalen Ëmschwong konnte gemeeschtert ginn, "war nëmme méiglech, well mir ëmmer solidaresch an zukunftsorientéiert zesummegehalen hunn a well mir Regierungen haten, déi wäitsiichteg an zugläich buedemstänneg eist Land gefouert hunn", esou de Grand-Duc a senger Ried.
Doran huet hien och illustréiert, wéi d'Land sech zanter dem Joer 2000, wéi hie Grand-Duc gouf, verännert hätt: D'Wirtschaft gouf diversifizéiert, eng Uni gegrënnt, d'Fuerschung intensivéiert "a mir hunn de Courage an d'Visioun, fir a Weltraumtechnologien, Datentechnologien a Supercomputeren ze investéieren".
Dat wier awer net alles: "D'Protektioun vun der Ëmwelt ass essentiel, fir eist Wuelbefannen an eis Liewensqualitéit ze erhalen." D'Gläichgewiicht tëscht Wirtschaft an Ökologie wier dann och vu kapitaler Bedeitung gradesou wéi dat internationaalt Zesummeliewen: "Mir hunn eis Roll op der europäescher an der globaler Bün gestäerkt an eng kloer Sprooch geschwat fir de Fridden, d'Kooperatioun an d'international Gerechtegkeet."
"Mat Sympathie, Léift an Asaz am Déngscht vum Land"
De Grand-Duc huet a senger leschter Nationalfeierdagsried awer och Emotioune gewisen: "Léif Leit alleguer, dësen Nationalfeierdag beweegt mech ganz besonnesch, well et dee leschten ass, deen ech mat Iech als Staatschef feieren. Den 3. Oktober wäert ech no guddem Iwwerleeën zu Gonschte vu mengem Fils, dem Prënz Guillaume, ofdanken. Eise Guillaume huet am Laf vun de Jore säin Asaz, säi Wëssen a seng Verbonnenheet mat eisem Land bewisen. Hien ass prett an hien ass frou, dës grouss Verantwortung fir d'Land unzehuelen. U senger Säit huet hien d'Prinzessin Stéphanie, déi sech mat Iwwerzeegung a vill Häerz fir hir Aufgaben asetzt. Ech sinn extreem dankbar a frou, datt si sech Hand an Hand mat vill Sympathie, Léift a groussem Asaz an den Déngscht vu Lëtzebuerg stellen."

Hie wier iwwerzeegt, datt si d'Vertraue géife verdéngen.
Vill Mercien – a flichtbewosst bis zum Schluss
Um Enn vu senger Ried sot de Grand-Duc Henri Merci, och am Numm vum Maria Teresa: "Haut soen ech Iech, zesumme mat der Grande-Duchesse, vu ganzem Häerz Merci. Merci fir Äert Vertrauen. Merci fir Är Ënnerstëtzung. Merci och fir déi vill Begéinungen, deen éierlechen Austausch an déi gemeinsam Momenter. All dat huet meng Missioun a mäi Liewen enorm beräichert."
Vill Vertraue setzt den Nach-Staatschef an d'Jugend: "Dir sidd d'Energie, d'Kraaft an d'Hoffnung vu muer, mat Ärer Kreativitéit, Ärem Sënn fir Responsabilitéit an Ärer Weltoppenheet wäert Dir d'Land ëmmer méi wäit virubréngen."
Den Ofschloss vun der Ried war e Bekenntnis zu senger Missioun an eng Libeserklärung fir Lëtzebuerg: "Léif Leit, ech wäert bis de leschten Dag vu mengem Règne meng Flicht erfëllen. Mat Iwwerzeegung, Devouement an Engagement. Jo, den 3. Oktober danken ech of. Awer fir de Rescht vu mengem Liewe wäert ech zudéifst verbonne bleiwe mat eiser Heemecht."
An: "D'Léift vun eiser Heemecht droen ech a mir bis un d'Enn vu mengem Liewen."

No dësen emouvante Wierder hunn d'Leit an der Philharmonie laang an d'Hänn geklappt an et hat ee gemengt, ze gesinn, datt d'Grande-Duchesse Tréinen an den Aen hat ... a wie weess, si vläicht net eleng.