Eise "nach"- Grand-Duc war eng Woch laang ënnerwee an dat 9.500 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech.

Déi lescht Rees als Staatschef, ier de Groussherzog Henri den 3. Oktober säin Titel un den Ierfgroussherzog Guillaume weidergëtt. Kulturell Plazen, Sport-Evenementer, offiziell Rendez-vousen, wirtschaftlech Ënnerstëtzung, e Besuch op der Weltausstellung.

Mir hunn de Monarch op dëser leschter offizieller Rees Enn Mee a Japan begleet. E Moment, dee vill fir hie bedeit.