"Et ass eng mega Éier, de Monogramm dierfen ze realiséieren"
Den neie Monogramm, dee lescht Woch presentéiert gouf, wäert vum 3. Oktober un ënner anerem op den Uniforme vu Police a CGDIS ze gesi sinn.
Entworf gouf dee Monogramm vun enger lëtzebuergescher Grafik-Designerin. Mir besichen d’Yolande Koster-Kaiser op hirer Aarbechtsplaz, do wou si déi lescht Méint intensiv um neie Monogramm fir den zukünftege Grand-Duc Guillaume geschafft huet. Am Dezember huet si sech an d’Recherchë gestierzt, sech al Monogrammen ugekuckt an analyséiert a si huet sech natierlech och mam Client zesummegesat - am Palais!
"Dat war e Gespréich op Aenhéicht, ganz convivial, ganz léif, häerzlech", esou d'Yolande Koster. "D’Prinzessin Stéphanie war och ganz engagéiert an huet ganz gutt Iddie mat erabruecht". Ee besonnesch schéinen a spontane Moment war, wéi si zesumme mat der ierfgroussherzoglecher Koppel déi lescht Ännerungen um Monogramm gemaach huet, erzielt d’Grafikdesignerin: "Ech mengen, dass si dat immens appreciéiert hunn, een Deel vun deem Prozess ze sinn".
Relativ séier stoung fest: et sollt een duebele G ginn, klassesch, awer mat geschwongene Linnen an de Buschtaf sollt gutt ze erkennen sinn. E Projet, deen net alldeeglech ass an dee virun allem geheim sollt bleiwen. Dee wichtegen Austausch an der Entwécklungsphas wier also just limitéiert méiglech gewiescht. "Heiansdo rennt een an eng Sakgaass, an do kënnt een net méi raus", erkläert Yolande. Dofir hätt si sech ee klenge Krees vu Leit gesicht, mat dem si sech vun Zäit zu Zäit beroden hätt.
Fir d’Yolande wier et eng immens Éier gewiescht, deen neie Monogramm dierfen ze designen, awer och een Challenge, besonnesch wéinst dem Buschtaf G. Doriwwer eraus muss de Monogramm an engem ganz klenge Format, awer och am grousse Format gutt ausgesinn an dat iwwert eng laang Zäit. Ma virun allem sollt en dem Ierfgroussherzog Guillaume gefalen, betount d’Yolande.
Am Mäerz ass déi final Versioun ofgeseent ginn. Genee sou wéi dëse Projet wäert si och de Moment, wéi si den Optrag kritt huet, ganz laang an Erënnerung behalen: "Wéi ech den Uruff kritt hunn, war ech sou 'Wéi? Wat? Ech?'. Se wollten e klenge Lëtzebuerger Betrib hunn an dat hätt alles gepasst. Richteg realiséiert hunn ech et eigentlech réischt, wéi ech déi éischt Kéier am Palais war an den Ierfgroussherzog getraff hunn, fir mat him iwwert de Projet ze schwätzen."
Wéi de Monogramm dann op den Uniformen ausgesäit, dat entdecke mir réischt am Oktober beim Trounwiessel.