Offiziell Portraite vun zukünftegem Grand-Duc a groussherzoglecher Koppel

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
D'Maison du Grand-Duc huet den offizielle Portrait vum zukünftege Grand-Duc an der zukünfteger groussherzoglecher Koppel maache gelooss.
Dës goufe vun de Lëtzebuerger Fotografe Kary Barthelmey a Christian Aschman gemaach.
D'Portraite ginn traditionell an den ëffentleche Gebaier a Geschäfter ausgestallt. Den CTIE këmmert sech d'Diffusioun vun de Fotoen un d'staatlech Administratioun. All aner interesséiert Entitéit ka sech per Mail vun de CTIE riichten. Dëst op der Adress: diffusion@ctie.etat.lu.
Wéi et weider am Schreiwes vun der Maison du Grand-Duch heescht, wäert der Portrait vum zukünftege Grand-Duc an der Militäruniform no dësem senger Nominatioun zum Generol publizéiert ginn.