360-Grad-Bün, Droneshow a Spektakel aus 8 Theeme presentéiert mat 8 Trammen
E Freideg aacht Deeg kritt Lëtzebuerg een neie Grand-Duc an eng nei Grand-Duchesse.
Am Kader vum Trounwiessel sinn dee ganze Weekend Festivitéiten uechtert d'Land geplangt. Zu den Héichpunkte gehéiert eng grouss Tournée samschdes vun der neier groussherzoglecher Koppel, déi duerch déi verschidden Ecker vum Land féiert, mat enger leschter Etapp an der Stad. E Mëttwoch de Moie gouf et weider Detailer an der Stater Märei.
32 Artisten aus der Lëtzebuerger Musekszeen op enger 360-Grad-Bün um Glacis, eng Droneshow, Public Viewing, an ee Spektakel op der Rouder Bréck mat aacht Trammen. Alles dat erwaart de breede Public samschdes an der Stad. Wat et mat deenen aacht Trammen op sech huet, erkläert den Direkter vum Atelier, Laurent Loschetter, deen d'Feierlechkeete vum Trounwiessel mat organiséiert.
"Et sinn aacht Theemen erausgesicht ginn, déi dem Grand-Duc wichteg sinn an och wäerte wichteg sinn an Zukunft an déi Theemen, dat sinn déi aacht Trammen. Dat heescht all Tram huet dann een Theema. An eis Missioun war et, déi Leit ze invitéieren, déi iwwert d'Joer déi Theemen zu Lëtzebuerg droen."






Eng 1.600 Persounen aus der Lëtzebuerger Populatioun goufen dofir erausgepickt. Dat Ganzt gëtt och musikalesch begleet. Wéinst de Preparative gëtt d'Rout Bréck scho vun dësem Samschdeg un zäitweis gespaart, ëmmer vun owes 22 bis moies 5 Auer. De Samschdeg drop, wann d'Festivitéite sinn, ass d'Rout Bréck ganz zou, vu mëttes 13 Auer u bis den Dag drop owes. Och den Tram fiert samschdes net tëschent der Philharmonie an der Stäreplaz vun 18 bis 22 Auer. Dozou de Stater Schäffen, Patrick Goldschmidt:
"No 10 Auer owes, fiert den Tram erëm ganz normal, och wärend dem Spektakel, deen no 10 Auer ass, fiert e laanscht de Glacis, mee d'Rout Bréck ass awer bis deen Dag drop moies nach esou 5, 6 Auer zou, ausser vun 10 Auer un owes, samschdes owes, wou de Vëlosfuerer an de Foussgänger scho kënnen eriwwer goen."
De komplette Programm an den Detail vun de Stroossespärungen an Adaptatiounen am ëffentlechen Transport gëtt et op trounwiessel.vdl.lu
Trafic Info am Kader vum Trounwiessel fir den 3. Oktober
Trafic Info am Kader vum Trounwiessel fir de 4. Oktober
Trafic Info zu de Fermetures nocturnes am Kader vum Trounwiessel
Am Kader vum Trounwiessel gëtt et och ee spezielle Programm bei eis um Radio an op RTL Télé mat Liveschaltungen a Spezialemissiounen. Suivéiert och de Livestream op RTL.lu an RTL Play.