Eng Ekipp vu lëtzebuergeschen Artisten huet fir den Trounwiessel 5 kuerz Filmer produzéiert, déi op liicht Aart a Weis d'Statioune vum Dag an Zeen setzen.

Erzielt gëtt d'Geschicht vum Chauffer aus dem Palais, deen déi verschidde Giedelen a Pättere vum Dag op hir respektiv Statioune féiert, op deenen déi nei groussherzoglech Koppel wäert stoe bleiwen.

Dës fënnef Filmer erfëllen dobäi e puer Zwecker beieneen. Si presentéieren déi jeeweileg, net onbekannte Parrainë vun de jeeweilege Statiounen. Am Ganze sinn et aacht Fraen a Männer, déi de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse bis owes begleede wäerten, wann hir Tournée um Glacis an der Stad hire groussen Ofschloss wäert fannen.

Donieft gëtt och d'Geschicht erzielt vun engem mysteriéise Kaddo, deen d'Giedelen a Pätteren der Koppel um Enn vum Dag iwwerreeche wëllen. Ëm wat et sech do genee handelt, wëlle mir op dëser Plaz nach net verroden.

Ausserdeem hunn déi fënnef Kuerzfilmer och eng poetesch Funktioun. Duerch d'Aart a Weis wéi se montéiert sinn, gi se och zu enger Retrospektiv iwwer d'Geschicht vum Lëtzebuerger Kino an de Leit, déi dëse Secteur grouss gemaach hunn, um nationale wéi um internationale Plang.

Realiséiert goufen déi fënnef Filmer vum lëtzebuergeschen Auteur a Realisateur Max Jacoby. Fir d'Produktioun verantwortlech waren Encore Films, d'Produktiounsfirma vum Roxanne Péguet, Jules Waringo an Tun Biever.

All Dag geet dës Woch um jeeweils 15 Auer en neie Kuerzfilm online.

Am éischten Episod vun e Méindeg féiert de groussherzogleche Chauffer d'Anne Kremer duerch d'Stad:

Direktioun Trounwiessel - Statioun 1/5
Am éischten Deel vun der Geschicht féiert de Chauffer aus dem Palais, d'Anne Kremer op Gréiwemaacher.

Am zweeten Deel vum Dënschdeg geet et mam Lea Linster an dem Mike McQuaide op Wolz:

Vu Wolz geet et e Mëttwoch mam Ni Xia Lian aus bis op Stengefort.

Direktioun Trounwiessel - Statioun 3/5
Am drëtten Deel vun der Rees féiert d’Strecke vu Wolz weider op Stengefort, begleet vun der Ni Xia Lian.

En Donneschdeg begleede mer de Jules Werner op Diddeleng

Direktioun Trounwiessel - Statioun 4/5
Am véierten Deel vun der Rees geet et mam Jules Werner op Diddeleng.

Am fënneften Deel e Freideg geet et mam Pilip Crowther bei d'Désirée Nosbusch an d'Stad...

Direktioun Trounwiessel - Statioun 5/5
Am fënneften Deel gëtt de Philip Crowther an d’Stad gefouert, wou d’Désirée Nosbusch waart. Um Heemwee vum Chauffer, taucht eng geheimnisvoll Figur am Auto op.