Séihond EnzoE puer Mol kastréiert an trotzdeem nees Papp ginn - fir d'18. Kéier!

RTL Lëtzebuerg
De Berliner Zoo hat wuel d'Rechnung ouni den Enzo gemaach. Obwuel versicht gouf, hien a sengem Fortplanzungsdrang ze stoppen, gouf et nees Nowuess.

Nodeems den Enzo eng 15. Kéier Papp gouf, huet den Zoo entscheet, dass hie genuch Klenger an d’Welt gesat hätt. D’Gefor wier ze grouss, dass seng Genen an der Populatioun vun de Séihënn iwwerrepresentéiert wier. Wéi d’Zeitung B.Z. schreift, hätt een him e Mikro-Implantat ënnert d’Fettschicht gesat, déi als Verhütungsmëttel dénge sollt.

2 Joer méi spéit, also am Joer 2018 gouf hien du kastréiert. Well een awer just 1 Hoden entdeckt hat, gouf just 1 ewechoperéiert. Dëst ass allerdéngs net duergaangen, fir den Enzo a sengem Fortplanzungswëllen ze stoppen. Lescht Joer koum e weidere Bëbee op d’Welt.

Am Hierscht 2020 gouf dunn duerchgegraff: D’Déierche misst nees ënnert d’Messer. Ma ob elo wierklech Schluss mat den Nokommen ass? Kuerz viru senger leschter Kastratioun hat hien nach emol Spaass. D’Resultat: Dëse Summer sinn 2 weider Klenger op d’Welt komm. Antëscht ass de Enzo 18 Mol Papp ginn.

Back to Top
CIM LOGO