Si haten eis Häerzer gewonnenE Réckbléck op beléift Déieren, déi 2022 gestuerwe sinn

RTL Lëtzebuerg
Vun Hënn iwwer Rate bis zu Walrossen - Déiere sinn am Internet besonnesch gäre gesinn. Leider hunn d'Fans och 2022 ëm geléift Déiere missen traueren.

Hei en Hommage un eng Partie berüümt Déieren, déi eis am Joer 2022 verlooss hunn.

D’Rat Magawa

© AFP

Ugefaange mam kambodschaneschen Nationalheld Magawa. D’afrikanesch Rat huet an hirer Karriär méi wéi 100 Landminnen a Sprengkierper detektéiert. Ufank Januar war de Magawa dunn am Alter vun 8 Joer friddlech vun ons gaangen. D’belsch NGO Apopo, déi de Magawa trainéiert hat, hat op Facebook hir Trauer iwwert den Doud matgedeelt an der Rat eng leschte Kéier fir hir Aarbecht Merci gesot.

De Gorilla Ozzie

Enn Januar huet den eelste männleche Gorilla Ozzie d’Welt verlooss. De Mënschenaf war am Alter vun 61 Joer gestuerwen an huet net nëmme Kanner, mä och Enkel an Urenkel hannerlooss, wéi den Zoo zu Atlanta matgedeelt hat. “Eis Häerzer si gebrach, well et ass eng Legend vun eis gaangen”, hat den Zoo op Twitter geschriwwen.

Blesséierte Wal virun der Küst vun Athen

© AFP

2022 sinn op d’mannst dräi Waler um europäesche Kontinent gestuerwen, mat deenen den Internet matgeziddert huet. Am Februar gouf ee Wal mat enger Blessur um Kifer virun der Küst vun Athen entdeckt ginn. Nodeems d’Déier opgepäppelt gi war, konnt de jonke Wal zwar fräigelooss ginn, ass um Enn awer dout virun der Insel Salamis fonnt ginn.

Fuuss aus dem US-Kongress

© US Capitol Police/AFP/Handout

Am Abrëll hat e Fuuss zu Washington fir Schlagzeile gesuergt, nodeems en d’Ëmgéigend ronderëm den US-Kapitol onsécher gemaach huet. De Fuuss gouf bannent kierzter Zäit zu engem Internet-Star. Journalisten a Politiker aus Washington hu Fotoe vum Déier an de sozialen Netzwierker eropgelueden, wéi se him am Alldag iwwert de Wee gelaf sinn. Nodeems de Fuuss op d’mannst 9 Persoune gebass soll hunn, hat d’Gesondheetsautoritéit matgedeelt, datt d’Déier op “human” Aart a Weis ageschléifert gi wier.

Orca, dee sech an der Seine verlaf hat

Den éischte Wal, dee sech verlaf hat, gouf de 5. Abrëll fir d’éischt Kéier vun der Besatzung vun engem Fëscherboot virun der normannescher Küst gesinn. Méi spéit huet sech de Schwäertwal an der Seine verlaf. Well et op Loftopnamen ausgesinn huet, wéi wann d’Déier krank wier, hat ee mat e puer Rettungsaktioune probéiert, den Orca aus der Seine ze lackelen, leider ouni Succès. Fir d’Déier vu senger Péng z’erléisen an aner Mamendéiere virun enger Infektioun ze schützen, sollt de Wal eigentlech ageschléifert ginn. Kuerz drop hat e Schëffskapitän den Orca allerdéngs op der Säit dreiwe gesinn an d’Organisatioun Sea Sheperd France konnt just nach den Doud confirméieren. Bei der Autopsie huet sech dunn erausgestallt, datt op den Orca geschoss gi war. Am Fleesch vum Wal hätt een nämlech Munitioun fonnt.

Beluga-Wal aus der Seine gehuewen

© AFP/JEAN-FRANCOIS MONIER

Och de Beluga-Wal, dee sech am August an der Seine veriert hat, war krank an ofgemoert. Well dat waarmt Waasser dem Déier geschuet huet, war kloer, datt een de Wal aus der Seine misst kréien. Mat enger spektakulärer Rettungsaktioun, déi 6 Stonne laang gedauert huet, konnt de gutt 800 Kilo schwéieren a 4 Meter laange Beluga-Wal an engem Netz mat engem Kran aus der Schleis bei Saint-Pierre-la-Garenne gehuewe ginn. Wärend dem Transport an engem spezielle Kill-Camion huet d’Veterinären de Wal awer leider missen aschléiferen.

Walross-Damm Freya

© Tor Erik Schrøder / NTB / AFP

Am August war den Internet op e Star an de Fjorde vun Norwegen opmierksam ginn. No Visitten a Groussbritannien, Holland, Dänemark a Schweden huet sech d’Walross-Damm Freya am Oslofjord néier gelooss. Um Dagesprogramm stoung do virun allem Sonn tanken. Dat allerdéngs op Booter, déi dacks net dofir gemaach waren, fir engem Déier vun e puer honnert Kilo als “Loftmatrass” duerzehalen. Iergendwann ass den Hype ëm d’Walross-Damm allerdéngs esou grouss ginn, datt de Leit d’Videoen net méi duergaange sinn. Nodeems ëmmer méi Leit ëmmer méi no bei d’Freya gaange sinn a sech net un d’Recommandatioune gehalen hunn, dach w.e.g. Ofstand zum Déier ze halen, hunn d’Autoritéiten déi schwéier Decisioun geholl, d’Walross-Damm anzeschléiferen.

Eelste Muppen-Damm Pebbles

© AFP

D’Toy-Fox-Terrier-Damm Pebbles war eréischt am Mee 2022 am Guinness-Buch vun de Rekorder zum eelsten Hond vun der Welt ernannt ginn. Am Oktober ass d’Pebbles dunn am Alter vu 22 Joer un engem natierlechen Doud gestuerwen. De Mupp deen am Laf vun hirem Liewen am Ganzen 32 Welpe krut, gouf iwweregens déi lescht 10 Joer just mat Kazefudder gefiddert.

Seattle-Bus-Mupp Eclipse

An der US-amerikanescher Groussstad Seattle hunn d’Leit am Oktober ëm de berüümte Labrador Eclipse getrauert. Zanter 2015 ass de Mupp reegelméisseg ouni säi Meeschter mam Bus an den Hondspark gefuer. Erginn huet sech dat Ganzt, nodeems d’Eclipse eng Kéier d’Gedold verluer hat an ouni säi Meeschter an de Bus gespronge war. Op senge kuerze Reesen huet de Mupp vill Bekanntschaften a Frëndschafte mat anere Passagéier gemaach, éier hatt 2022 mat 10 Joer vun eis gaangen ass.

De Puma “Hollywood Cat”

© AFP

Den 31. Dezember huet Los Angeles mam Puma “Hollywood Cat” e Maskottche verluer. De wëll liewende Puma P-22 hat sech an der leschter Zäit méi opfälleg beholl, wouduerch d’Autoritéiten decidéiert hunn, dat 11 Joer aalt Déier anzefänken an ze ënnersichen. Dobäi huet sech erausgestallt, datt de Puma schlëmm Blessuren um Kapp, um rietse A an un aneren Organer hat. Warscheinlech wier “d’Hollywood Cat” vun engem Auto ugestouss ginn. Doropshi gouf decidéiert d’Déieren-Ikon anzeschléiferen. Säin Numm hat d’Kaz well en ëmmer nees dobäi gesi gouf, wéi e laanscht de berüümte Schrëftzuch “Hollywood” gaangen ass.

RTL News: ASBL Odyssea erkläert: Wisou veriere sech Waler an d’Seine?

Back to Top
CIM LOGO