Bannent de leschte Méint sinn zwee desorientéiert Waler an d'Seine geschwommen. Fir den Orca an de Beluga ass dëst déidlech ausgaangen.

Waler an der Seine / Rep. Nina Schagen

Walfësch, déi um Dréchene leien, dat gëtt et leider ëmmer nees. Ma an de leschte 4 Méint huet een an den Noriichte vun direkt zwee Walfësch héieren, déi desorientéiert bis an d'Seine geschwomme waren. Wat sinn déi konkret Grënn fir dës Virfäll? D'Nina Schagen huet doriwwer mat der Presidentin vun Odyssea geschwat. D'ASBL setzt sech fir de Schutz an de Mierer an.

E Beluga-Wal an der Seine. Eigentlech liewen d'Walfësch a kalen arktesche Gewässer an net an engem knaschtege Floss matten a Paräis. Ob et hautdesdaags méi esou Fäll gi wéi fréier, ass awer schwéier ze soen. Wéi menacéiert déi eenzel Walfësch sinn, där et der iwwregens iwwert 90 ginn, variéiert vun Zort zu Zort, esou d'Anna Schleimer, Presidentin vun der ASBL Odyssea.

"Bei verschidden Aarten ass et esou, well et immens sozial a Gruppendéiere sinn, do geet et duer, dass een Déier krank ass an da strant déi ganz Schoul u Walen. An dann deelweis hu si och elo de Lien ugefaangen ze maachen, mat Militärexercicer, wou si mat Sonar schaffen. Dat ass immens haart. Den Toun ënner Waasser ass fir d'Walen, fir ze kommunizéieren awer immens wichteg, a si hu ganz sensitiv Oueren. Wann do vill Kaméidi ass, da kënnen déi sech erféieren."

Nieft dem Kaméidi ënner Waasser schwätzt d'Presidentin vun der Fëscherei, déi déi gréisst Gefor fir d'Déieren ass, net onbedéngt de Klimawandel.

"Bei Wäitem dee gréisste Problem, déi gréisst Gefor bei de Walen ass net d'Klimakris, ass net de Plastik, mee dat ass d'Fëscherei. Firwat d'Fëscherei? Ma et gëtt geschat, datt all Joer iwwert honnertdausende Wale sech an Netzer verfänken. Déi Déiere mussen awer un d'Loft kommen, fir ze ootmen. Wa si sech awer net befreie kënnen, dann erstécke si. Dat ass wierklech e grousse Problem."

RTL

© AFP/JEAN-FRANCOIS MONIER

Vill Walfësch an Delfinen hunn u sech de Virdeel, dass si immens mobil sinn a sech gutt den Temperaturen ënner Waasser upassen. Si kënnen dohinner schwammen, wou d'Konditiounen am beschte sinn. Walfësch aus der Arktis awer, déi sinn duerch d'Klimakris méi a Gefor.

"Natierlech déi Aarten an der Arktis, där hire Liewensraum gëtt ëmmer méi kleng. Dat sinn Aarte wéi de Beluga, de Grönlandwal, déi sech wierklech op d'Äis spezialiséiert hunn, dat sinn déi grouss Verléierer beim Klimawandel. Elo hei an Europa mengen ech net, dass de Klimawandel eng grouss Auswierkung op d'Strande vun de Walen huet."

Wann e Walfësch krank ass, ass et en natierlechen Instinkt, méi no un d'Küst ze kommen. Dacks ass d'Krankheet schonn esou fortgeschratt, dass et net méi vill bréngt, ze probéieren, d'Déier nach ze retten.

D'Anna Schleimer erkläert, wéi een hinnen am beschten hëlleft: "Datt hire Liewensraum net zerstéiert gëtt, datt si gesond kënne bleiwen, datt si genuch ze friessen fannen, datt net ze vill verschmotzt ass, datt net ze vill iwwerfëscht gëtt. Dat ass dat bescht, wat mir fir si kënne maachen, fir ze kucken, datt si optimal Liewenskonditiounen. An dann eben déi Saachen, wou mir wëssen, dass d'Wale vun deene stranden, wéi déi grouss Militär-Sonar-Exercicer. Dat muss een natierlech probéieren ze verhënneren."

Well d'Fëscherei eng grouss Gefor fir d'Walen ass, mécht d'Associatioun nach den Appell, méi bewosst Fëschproduiten am Supermarché auszewielen. Och soll een de Fëschkonsum reduzéieren, deen hei zu Lëtzebuerg extrem héich wär.