Liewensretter op 4 BeenE Schéiferhond huet d’Gefor gericht

RTL Lëtzebuerg
En Assistenzhond an der Ausbildung huet senger Meeschtesch d’Liewe gerett.
© Jana Ohajdova/Unsplash

D’Hënn sinn net nëmmen de beschte Frënd vum Mënsch. Si kënnen eis och d’Liewe retten. Mat hirem pregnante Gerochssënn kënne si net nëmmen Drogen oder Sprengstoff entdecken, si kënnen och eng grouss Hëllef bei Krankheete sinn.

Genee dës Erfarung huet lo d’Tina Stikeleather gemaach. Si huet Epilepsie an op TikTok setzt si reegelméisseg Videoen online iwwert den Alldag mat dëser Krankheet. Hiren däitsche Schéiferhond Max soll hir dobäi hëllefen. Den Assistenzhond ass den Ament nach an der Ausbildung an d’Tina wollt erëm e Video mat engem Training ophuelen. D’Tina war am Ufank amgaang ze spullen. Wärend deem ass den Hond awer onroueg ginn, huet sech nieft d’Tina gestallt an huet sech och net ofwimmele gelooss. E bemol ass si zesumme gaangen an den Hond huet sech esou op de Buedem geluecht, fir datt si net mam Kapp op d’Plättercher geknuppt ass, mä op him gelant ass.

Back to Top
CIM LOGO