
Et kënnt effektiv zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber iwwert d’Petitioun vun de Jongbaueren, déi gefuerdert huet, datt keng Béischte méi dierfen a Schluechthaiser geschluecht ginn, déi net vun der Europäescher Unioun zertifiéiert sinn.
D’Petitiounskommissioun vun der Chamber huet e Mëttwoch déi 4.982 Ënnerschrëfte vun der Petitioun validéiert. Domadder huet d’Petitioun de virgeschriwwene Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht.