Am leschten Artikel vun der Serie hunn mer Iech en klengen Abléck a Spillverhale vun den ale Réimer ginn...

Haut gi mer méi konkret op ee spezifescht Spill an, an op de Stellewäert vun dësem Spill.

E Wierfel huet scho jidderee vun ons gesinn, an et hat vermuttlech och schonns jidderee vun ons e Wierfel an der Hand an huet, sief et bei "Monopoly", "Mensch ärgere dich nicht" oder bei soss iergendengem anere Brietspiller, eng Kéier gewierfelt.

D’Wierfele war bei de Réimer esou beléift, dass een hautdesdaags vun enger Sucht géif schwätzen. Obwuel des Zort vu Spill bei de Réimer eigentlech verbuede war, gouf et dach am meeschte gespillt. Dat well een et nëmme schwéier kontrolléiere konnt an domat och bal net an de Greff konnt kréien. Ausserdeem war d'Spill an allen Gesellschaftsschichte wäit verbreet, wat d'Andämmung vum Spill erschwéiert huet.

Beim réimesche Wierfelspill gouf mat 3 Wierfele gespillt. All Matspiller huet missen, ier dass en konnt matspillen, säin Asaz bekannt ginn an duerno gouf vu vireran kloer gesot wat ee wierfele misst fir eppes ze gewannen. Meeschtens huet den Asaz aus mol manner oder mol méi gréissere Geldzomme bestanen, mä och Véi oder Bijoue ware beléift. Nodeems een d’Spillreegele festgeluecht hat, ass d’Spill och schonns lassgaangen, a jidderee konnt noenee wierfelen. Dobäi hunn d’Réimer den ënnerschiddleche Wierf esouguer Nimm ginn: Zum Beispill hunn se en 6er-Pasch „Wurf der Venus“ oder en 1er-Pasch „Hund“ genannt.

De réimesche Standardwierfel war aus engem Knache gemaach an hat wéi och haut déi meeschte Wierfele 6 Säiten, bei deenen déi Säiten. déi géinteniwwergeleeë sinn, ëmmer Zuel 7 erginn hunn. Mä et goufen och eng helle Wull un anere Wierfelaarten. Esou goufen et der mat nëmme 4 Säiten oder awer a Pyramidenform. Och Wierfelen aus Selwer oder aus Gold ware beléift, virun allem bei der réimescher Elite. Mä a punkto Verséierunge goufen et och ganz aussergewéinlech Wierfelen. Esou gouf et Wierfelen op deene Mënschen ofgebillt waren, déi op hirem Réck oder op anere Kierperdeeler Punkten haten, déi di klassesch A vum Wierfel representéiere sollten. Allerdéngs huet et och deemools gegollt sech vun Trickbetrüger an Uecht ze huelen. Verschidde „Zocker“ hunn des prunkvoll Verséierungen ausgenotzt fir Bläi mat an de Wierfel ze verschaffen, fir esou de Wierfelausgaang beaflossen ze kënnen.

Esou verwonnert et net, dass d’Handwierkskonscht fir Wierfel unzefäerdegen am réimesche Räich zelebréiert gouf. Doriwwer eraus war et gutt ugesinn, wann een seng eege kreéierte Wierfel matbrénge konnt. Am Spill „Dreule und Würfel“ goufen d’Wierfelspill an d’Handwierkskonscht matenee kombinéiert. D’Wierfelspill war exakt dat selwecht wéi am Abschnitt uewendriwwer beschriwwen, allerdéngs hat een, wann een déi méi schéi Wierfelen hat, an dësem Spill en klenge Virdeel. Läit vu bausse konnten nämlech soen, wéi eng Persoun déi schéinste Wierfelen hat, an déi konnt dann och als éischten ufänke mat wierfelen, an hat domat an der Theorie en Virdeel géigeniwwer deenen anere Matspiller.

Wann Dir wëllt gesinn, wéi een deemools d’Wierfel aus Knache gemaach huet, da kuckt Iech folgende Video vun der Universitéit vu Cardiff un: