Hei déi komplett Lëscht vun den 20 Spiller, déi am meeschte verkaaft goufen!

  1.         MARIO KART 8 DELUXE (SWITCH, NINTENDO)
  2.         SUPER MARIO 3D WORLD + BOWSER'S FURY (SWITCH, NINTENDO)
  3.         FIFA 22 (PS4, EA)
  4.         RING FIT ADVENTURE (SWITCH, NINTENDO)
  5.         MARIO PARTY SUPERSTARS (SWITCH, NINTENDO)
  6.         POKEMON BRILLIANT DIAMOND (SWITCH, GAME FREAK)
  7.         MINECRAFT (SWITCH, MOJANG)
  8.         NEW SUPER MARIO BROS. U DELUXE (SWITCH, NINTENDO)
  9.         POKEMON SHINING PEARL (SWITCH, GAME FREAK)
  10.         SUPER MARIO PARTY (SWITCH, NINTENDO)
  11.         ANIMAL CROSSING: NEW HORIZONS (SWITCH, NINTENDO)
  12.         THE LEGEND OF ZELDA: SKYWARD SWORD HD (SWITCH,  NINTENDO)
  13.         JUST DANCE 2021 (SWITCH, UBISOFT)
  14.         FIFA 22 LEGACY EDITION (SWITCH, EA)
  15.         THE LEGEND OF ZELDA: BREATH OF THE WILD (SWITCH, NINTENDO)
  16.         SUPER MARIO ODYSSEY (SWITCH, NINTENDO)
  17.         FIFA 21 (PS4, EA)
  18.         JUST DANCE 2022 (SWITCH, UBISOFT)
  19.         LUIGI'S MANSION 3 (SWITCH, NINTENDO)
  20.         NEW POKEMON SNAP (SWITCH, GAME FREAK)
Opfälleg dobäi ass, datt d’Majoritéit vun de Spiller vun Nintendo oder vu Game Freak verëffentlecht gouf. Doriwwer eraus fënnt ee ganzer 18 Nintendo-Switch-Spiller an dëser Lëscht erëm. Déi aner zwee Spiller si fir déi mëttlerweil al Generatioun un Konsolen, fir d’Playstation 4 erauskomm. Iwwerraschenderweis fënnt sech änlech wéi d'lescht Joer kee Playstation 5 oder Xbox Series X-Spill an der Lëscht erëm. Dëst kéint vermuttlech um Games-Pass, bezéiungsweis un den digitale Verkeef vun de Spiller leien.

Besonnesch interessant ass de Fait, dass gutt méi wéi d’Hallschent vun de Spiller guer net am Joer 2021 erauskomm ass, bezéiungsweis se schonn zënter méi wéi 3 Joer um Marché sinn. Z’erklären ass dat méiglecherweis duerch déi héich Verkafszuele vun der Nintendo Switch wärend dem éischte Lock-Down an duerch d'Verëffentlechung vun der Nintendo Switch OLED am Oktober. Fir déi gréissten Iwwerraschung dierft wuel Ring Fit Adventure op der drëtter Plaz suergen. Ëmmerhin ass d'Spill säit gutt zwee Joer um Marché a stellt als Exergaming-Rollespill nëmmen en Nischeprodukt an der grousser Gaming-Branche duer. Dëst kéint ee villäicht als Indice verstoen, datt d'Leit sech och a Krisenzäiten em hir Gesondheet këmmeren an a Beweegung bléiwe wëllen.

Hätt Dir mat dëser Lëscht gerechent? Wéi eng Spiller hutt dir vun dëser Lëscht an Ärem Besëtz? An wéi mengt Dir wäert d’Lëscht nächst Joer ausgesinn? Loosst eis et wéi ëmmer mat engem Commentaire wëssen.