
© Warner Bros. / Avalanche Software
Seelen gouf e Spill op der enger Säit esou hëtzeg erwaart an zäitgläich esou kontrovers debattéiert, wéi dëst Spill vun Avalanche a Warner Bros. Games.
Fir d'Fans vum Potter-Universum war scho virum Release kloer, dass dëst d'Spill vum Joer dierft sinn. Ma och ech, deen sech absolut net fir Harry Potter a seng Zauberwelt interesséiert huet an och näischt mat de Kanner- a Jugendbicher konnt ufänken deemools, war nawell net onbeandrockt vun de Biller an Informatiounen, déi ee virum Release presentéiert krut.
Dacks war den Hype grouss, ma huet dunn awer nom Release ofgeholl, well d'Spill den Erwaardungen net konnt gerecht ginn. Bei Hogwarts Legacy huet een dat Gefill allerdéngs éischter manner, well d'Spill virun allem am Ufank z'iwwerzeege weess.
Ugefaangen mat der Welt déi hei erschafe gouf an extrem no un deem dierft sinn, wat d'Fans vum Potter-Universum erwaart hunn... Deels dierften d'Erwaardungen hei souguer iwwertraff gi sinn. Ënnert anerem de Look an de Feeling vun Hogwarts, wou ee seng Aventure och praktesch ufänkt an e groussen Deel vum Spill och verbréngt. Net nëmmen ass d'Gréisst vun der Zauberschoul einfach iwwerwältegend, ma och d'Léift zum Detail dierft souguer deem leschten Harry-Potter-Banaus wéi mir opfalen. Ëmmer nees fënnt een nei verwénkelt Gäng, verstoppten Dieren oder geheim Weeër, déi duerch déi riseg Schoul féieren. An dobäi changéiert sech och d'Ausgesinn an d'Architektur vun der Schoul, jee nodeem a wéi engem Deel vum Gebai een sech ophält.
Ma och baussent der Schoul kann een sech ophalen, hei läit dem Spiller eng komplett Open-World-Map zur Verfügung, déi natierlech invitéiert mat sengem Biesem oder sengem Zauberwiesen op Entdeckungsrees ze goen an honnerte vu Rätselen ze léisen, nei Bekanntschaften ze maachen oder sech verschiddene Géigner ze stellen. Eenzege Kritikpunkt ass hei d'Kaart selwer, wou et heinsdo schwiereg ass, genee z'erkenne wou wat ass, well sech Punkten mol gären iwwerlappen. Virun allem d'Kaart vun Hogwarts selwer ass gutt gemengt a gesäit och optesch flott aus, ma se ass alles anescht wéi praktesch.

© Warner Bros. / Avalanche Software
Weider da bei de Gameplay an d'Kämpf, déi natierlech am Spill eng grouss a wichteg Plaz anhuelen. An hei ass och wéineg auszesetzen. De Kär vum Kampf sinn déi verschidden Zauberspréch, déi een am Laf vum Spill léiert an dann souzesoen a sengem Repertoire huet. Hei muss een sech dann decidéieren, wéi eng Spréch een am Kampf asetzt, dat iwwert eng Auswiel vun ufanks 4 Spréch. Dono kann ee bis zu 16 Zauberspréch asetzen am Kampf, ouni mussen all Kéiers d'Tasten nei ze beleeën. Dorunner muss een sech ufanks gewinnen, funktionéiert awer no enger Zäit ganz gutt. Sou kann een och gréisser Komboe maachen, seng Géigner als éischt emol an d'Loft schwiewe loossen iert een se attackéiert oder souguer e puer Géigner mateneen attackéieren. Alles an Allem leeft hei alles extrem flësseg an intuitiv. Kritikpunkt hei ass, dass d'Kämpf eventuell e wéineg ze einfach an och zum Schluss hin monoton kéinte ginn, dat souguer wann een de Schwieregkeetsgrad erhéicht.
Extrem positiv fält dann d'Grafik vum Spill op, wou sech wierklech vill méi gemaach gouf an et einfach Spaass mécht déi verschidde Plazen z'entdecken an sech an d'Welt vun Hogwarts erarappen ze loossen. Virun allem d'Faarwespill an d'Kontraster maachen hei eppes hier, sou dass een och mol stonnelaang duerch d'Welt flitt an sech einfach just um Look vum Spill erfreet.
Gréisste Kritikpunkt ass fir mech allerdéngs d'Kleedung an d'Ausrüstung gewiescht. Hei huet een quasi just d'Auswiel tëscht engem méi staarken oder méi schwaache Kleedungsstéck, eenzeg d'Defense oder d'Attack sinn hei uginn a kënnen eventuell nach e puer Upgrade kréien. Ma dat war et och scho bal... Sou kënnt et fir, dass ee matten am Spill e Kleedungsstéck kritt, dat een dann och bis zum Schluss behält, well einfach keent kënnt, dat wierklech besser ass, dacks souguer wäitaus méi schlecht. Well d'Spill och wéi gesot deels e wéineg méi einfach ass, spiert een och net de Besoin sech hei vill drëms ze këmmere, wat schued ass.
Alles an allem huet mir d'Spill awer trotz de klenge Kritikpunkten, déi absolut reell sinn an och net dierfen ignoréiert ginn, extrem gutt gefall a mech och bis zum Schluss un der Staang gehalen. Et ass ze hoffen, dass fir dësen Titel nach eng Partie DLCen dierften erauskommen, well de Sputt nach uewen wier hei kloer ginn.
Mir ginn dem Spill dowéinst eng exzellent Wäertung vun 8/10 a recommandéieren d'Spill souwuel fir Fans vun Harry Potter, wéi och fir Fans vu gudden Open-World-Spiller, mat vill Action a Storry, gudder Grafik an deels Kappzerbrieches bei de verschiddenste Rätselen.
(Fir kloer ze stellen: Mir kruten de Review-Code vun Hogwarts Legacy geschéckt, ouni dass mir eppes iwwert déi kontrovers Diskussioun, déi ronderëm d'Spill am Internet am Virfeld ofgelaf ass, matkritt hunn. Konkret hu sech Leit an de soziale Medien iwwert de Fait opgereegt, dass Hogwarts Legacy e Spill wier, dat aus dem Harry Potter-Universum kéim, dat geschriwwen vun der Schrëftstellerin a Milliardärin J.K. Rowlin. An hei huet d'Brittin an der Vergaangenheet Aussoen iwwert d'Trans-Leit gemaach, déi vun der Community selwer an och vun anere Leit schaarf kritiséiert goufen. Mir respektéieren de Choix vu Leit d'Spill dowéinst net ze kafen, allerdéngs hu mir eis an dësem Fall ganz kloer dofir decidéiert, d'Spill ze reviewen, well d'Point de Vuen vun der Harry Potter-Schrëftstellerin, respektiv verschidden Aussoen déi gemaach gi sinn, absolut net an dësem Spill erëmzefannen sinn, éischter de Géigendeel ass souguer de Fall... Dëst Spill net ze reviewen géif näischt um ganz reelle Problem vun der Transphobie änneren a géif och zu kengem Moment dem Spill an den Entwéckler, déi näischt mat sou Aussoen a Verbindung bréngt, gerecht ginn a Rechnung droen. Hei muss een eiser Meenung no einfach fair bleiwen: E Spill kafen heescht net, dass een transphob ass.)