Luxembourg TCG Convention Sammelkaarte-Fans hu sech zu Zolwer gesinn

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg hu sech zu Zolwer Fans vu Sammelkaarte-Spiller wéi "Pokémon", "One Piece", "Magic: The Gathering" an "Disney Lorcana" gesinn.

23 Aussteller aus Lëtzebuerg, der Belsch, Frankräich an Holland waren dobäi.

Um Programm stoungen ënner anerem e Pokémon-Tournoi an d'Méiglechkeet, Kaarten ze kafen, ze verkafen an ze tauschen.

De Benefice vun der Convention goung komplett un d'Minute Papillon ASBL, déi Fraen a Familljen no traumateschen Erfarunge ronderëm eng Maternitéit ënnerstëtzt.

Back to Top
CIM LOGO