
De Release vun der neister Editioun vun EA FC – dem fréiere FIFA – gëtt an der Gaming-Communautéit all Joers mat Spannung erwaart. Vill diskutéiert gëtt dobäi ëmmer iwwer d'Bewäertung vun de Spiller. Mir hunn déi 16 Lëtzebuerger Futtballer an déi eng Lëtzebuerger Futtballerin, déi an der neister Editioun vun EA FC vertruede sinn, méi genee ënnert d'Lupp geholl.
Zwee vun hinnen, de Leandro Barreiro an den Anthony Morris hunn eng Bewäertung vu 77 a kruten domat eng Gold-Kaart. Siwe Spiller kruten eng Bewäertung tëscht 65 a 74 an deementspriechend eng Sëlwer-Kaart; ënnert hinnen och d'Nationalspillerin Laura Miller. Aacht Spiller kruten eng Bronz-Kaart. Si kruten e Score vu 64 oder manner.
Mat Weltstaren wéi Kylian Mbappé, Erling Haaland an Alexia Putellas, déi béid mat enger Bewäertung vun 91 un der Spëtz stinn, kënnen d'Lëtzebuerger zwar net mathalen, mee de Grand-Duché ass trotzdeem gutt vertrueden. Fir d'éischte Kéier sinn och déi jonk Spiller Enzo dos Santos (Borussia Dortmund), Miguel Gonçalves (Fortuna Düsseldorf) a Ben Schmit (Holstein Kiel) am Spill dobäi.
Aner Nimm dauchen dogéint net méi op. Maxime Chanot, Marvin Martins, Vahid Selimovic, Enes Mahmutovic, Yvandro Borges Sanches a Fabian Heck sinn dës Kéier net méi dobäi. Entweder, well se de Veräin gewiesselt oder d'Futtballschong un den Nol gehaangen hunn.
Déi Lëtzebuerger, déi nach dobäi sinn, kruten alleguer besser Bewäertungen, wéi an der leschter Editioun. E puer Beispiller: De Seid Korac (Vun 63 op 67) an den Danel Sinani (vun 69 op 72) hu mat engem Plus vu jeeweils dräi Punkten de gréisste Sprong no uewe gemaach Den Anthony Moris huet sech vu 75 op 77 verbessert. Eldin Dzogovic (60 op 61) an Aiman Dardari (62 op 63) kënne sech iwwer jeeweils ee Pluspunkt freeën. Dat nämmlecht gëllt fir déi eenzeg Lëtzebuerger Futtballerin am Spill, d'Laura Miller (68 op 69).
Interessant ass dann och nach, dass de Gil Neves an EA FC 27 weiderhin als Lëtzebuerger Spiller gefouert gëtt, obwuel hien elo fir Portugal spillt. De Brian Madjo gëtt iwwerdeems als Englänner gelëscht.
| Name | EA FC 27 rating | Club |
| Leandro Barreiro | 77 | Benfica |
| Anthony Moris | 77 | Al Khaleej |
| Danel Sinani | 72 | Sampdoria |
| Laura Miller | 69 | 1. FC Nürnberg |
| Laurent Jans | 67 | SK Beveren |
| Tiago Pereira Cardoso | 67 | RAAL La Louvière |
| Seid Korac | 67 | Hellas Verona |
| Florian Bohnert | 66 | FC Hansa Rostock |
| Mathias Olesen | 66 | Sønderjyske |
| Vincent Thill | 64 | SV Waldhof |
| Miguel Goncalves | 63 | Fortuna Düsseldorf |
| Aiman Dardari | 63 | Rot-Weiss Essen |
| Enzo dos Santos | 61 | BVB Dortmund |
| Eldin Dzogovic | 61 | 1. FC Magdeburg |
| Gil Neves | 58 | FC Köln |
| Ben Schmit | 56 | Holstein Kiel |
| Hugo Luis Afonso | 55 | Braunschweig |