Op eng gemittlech Partie bei engem Patt"Pili Pili" ass d'Bistrospill vum Joer 2026 ginn

David Winter
Gerard Floener
Wéi all Joer huet sech och dëst Joer nees eng Jury zesummefonnt, fir dat beschte Bistrospill vum Joer erauszesichen. Och dëst Joer war d'Konkurrenz awer nees ganz staark.
© David Winter

Am Ganze stoungen nees fënnef Spiller um Menü, déi vun enger Jury e Méindeg den Owend an der "Brasserie du Kirchberg" ugespillt an op Häerz an Niere getest goufen.

Ee Kaartespill mat engem speziellen Twist

E Méindeg den Owend gouf elo scho fir déi 8. Kéier d'Lëtzebuerger Bistrospill vum Joer gewielt, dat op Initiativ vum Projet "Wëllkomm" vun der Horesca, an an Zesummenaarbecht mat der Spillfabrik, déi der Jury dann och um Dag selwer d'Spiller wéi ëmmer fachmännesch presentéieren an erkläert hunn.

An hei gëtt net einfach iergend e Brietspill gekréint, ma et muss ganz spezifesch Krittären erfëllen, fir sech kënne "Bistrospill" ze nennen. Dozou gehéiert, dass eng Partie relativ séier geet, d'Reegelen liicht verständlech sinn an dass een och Loscht huet, eng 2. oder 3. Partie direkt ze spillen. Och soll d'Spill net ze vill Plaz um Dësch anhuelen an och einfach an eng Posch passen.

Aus 76 Spiller goufen déi 5 nominéiert Spiller säitens der Spillfabrik erausgepickt, alles wuelverstane Spiller, déi am Laf vun dësem Joer erauskomm sinn. Dëst waren "Auf die Eier", "dnup", "Oh My Socks!", "Sneaky" an de Gewënner "Pili Pili". Iwwregens géif dës massiv Zuel u Spiller aus deenen een dës fënnef Spiller erauswielt an déi och all Joer klëmmt, weisen, wéi divers a kreativ d'Spillzeen am Moment wier, sou d'Spillfabrik am Virfeld vum Owend.

D'Jury iwwerzeegt huet dëst Joer virun allem d'Kaartespill "Pilli Pilli", dat och de Gewënner vun dëser Editioun konnt ginn. Beim Spill handelt et sech ëm e sougenannten Trick-Taking-Game, also e Spill, bei deem e Streech muss gewannen, änlech wéi bei klassesche Kaartespiller wéi Belote, Bridge oder Skat.

Bei Pili Pili muss een ufanks usoen, wéi vill Streech ee gewanne wäert, ma anescht wéi bei deene meeschte Spiller, bei deenen ee Streech sammele muss, ännere sech d'Reegelen hei liicht am Ufank vun all eenzelner Partie. A genee dat dierft et sinn, wat dëst Brietspill sou interessant a spannend mécht. Dobäi kënnt, dass een doduerch Loscht kritt, eng 2. oder 3. Partie ze spillen, well praktesch all Ronn komplett anescht ausgesäit an ee seng Strategie dacks muss clever upassen. Mat Recht huet "Pilli Pilli" dëst Joer gewonnen, och wann d'Konkurrenz dëst Joer wéi gesot besonnesch staark war.

Hei d'Placéierunge vun de 5. Spiller op ee Bléck:

1. Pili Pili (Bistrospill 2026)

© David Winter

2. Auf die Eier

© David Winter

3. DNUP

© David Winter

4. Oh My Socks!

© David Winter

5. Sneaky

© David Winter

Back to Top
CIM LOGO