Ee vun de groussen Highlights war dobäi d'Presentatioun vun ”CD PROJEKT RED” – a virun allem ”The Witcher 3”. Dass de Studio un ”The Witcher 4” schafft, ass kee Geheimnis. Wéi eis e Member vum Team erkläert huet, huet den Ofschloss vum drëtten Deel awer nach net ganz ideal an dat nächst Kapitel vun der Serie iwwergeleet, ma ”Songs of the Past” soll elo genee deen Iwwergang hierstellen.
Engem Singleplayer-Action-RPG méi wéi zéng Joer no sengem Release nach eng nei Erweiderung ze spendéieren, ass alles anescht wéi selbstverständlech. Et weist awer, wéi vill Häerzblutt nach ëmmer an dësem Projet stécht. An der guidéierter Presentatioun kruten d'Visiteuren och schonn éischt Gameplay-Elementer an en Abléck an d'Geschicht ze gesinn. Déi nei Erweiderung huet definitiv Potenzial.
Och de Stand fir de Public war impressionant. Vill Léift zum Detail huet sech an der Dekoratioun erëmfonnt an den Undrang huet gewisen, wéi grouss den Interessi un der Welt vum Geralt nach ëmmer ass.
Nieft ”The Witcher” war och den ”Dungeons & Dragons”-Universum mat zwee ganz verschiddene Spiller vertrueden. ”Warlock: Dungeons & Dragons” geet an d’Richtung vun engem däischteren Action-Adventure an ass ee vun deenen Titelen, op déi mir besonnesch gespaant sinn.
Vill méi gemittlech geet et bei ”Dungeons & Dragons: Long Rest Tavern” zou. Hei zitt een net selwer mat engem Schwert duerch d‘Welt, mee geréiert eng kleng Tavern fir aventuréis Gäscht. Mir konnten d'Spill selwer ausprobéieren. Den Ufank ass nach relativ roueg, mee mat der Zäit gëtt de Gameplay méi komplex an d’Spill hat eis séier gepaakt. Déi zwee Titele weisen, wéi vill verschidde Richtungen eng bekannte Franchise aschloe kann.
Och ”Star Wars: Galactic Racer” huet villverspriechend ausgesinn. Dat séiert, Arcade-like Rennspill kéint virun allem Fans vu Multiplayer-Rennen uspriechen. Fir Spiller, déi léiwer mat Frënn doheem op der Couch spillen, hat ”Jackbox Games” mam ”Jackbox Party Pack 12” e puer Neierungen dobäi. Mir konnten de Party Pack zu puer ausprobéieren – an et sinn direkt déi witzeg Momenter entstanen, déi ee sech vun engem gudde Party-Spill erwaart.
Bei ”Rayman Legends Retold” stoung natierlech d’Nostalgie am Mëttelpunkt. Beim Ausprobéieren huet d'Spill awer direkt Spaass gemaach. D’Neioplo behält domat op d’mannst an den éischte Minutten dee Charme, deen d’Original sou beléift gemaach huet.
Eng weider positiv Entdeckung war ”RollerCoaster Tycoon Wonderworks”, dat mir zesumme mam Chef vum Studio ausprobéiere konnten. D’Spill bréngt klassesch Elementer aus der Serie zeréck, vereinfacht verschidde Systemer a behält dobäi genuch Déift fir Spiller, déi sech wierklech an de Bau an d’Gestioun vun hirem Park eraschaffe wëllen. Fir Fans vun der Franchise ass dat en Titel, deen definitiv op d'Wonschlëscht gehéiert.
Och ”Gundam Rogue Orbit” huet eis positiv iwwerrascht. D’Franchise ass hei vläicht manner present wéi an Asien, mee d’Dynamik vum Spill huet direkt funktionéiert. Et war esouguer sou iwwerzeegend, datt et zu enger perséinlecher Erausfuerderung gouf, de Boss an der kuerzer Zäit vun der Demo nach ze bekämpfen.
E weidere Projet, deen een am Kapp behale soll, ass ”LEGO Skylines”. Amplaz vun enger klassescher Action-Aventure setzt LEGO dës Kéier op e City Builder – eng Iddi, déi op den éischte Bléck erstaunlech gutt bei d’Mark passt.
Bei ”Path of Exile 2” gouf et dann eng konkret Ukënnegung: Den Titel verléisst den 11. Dezember den Early Access a gëtt mat der Versioun 1.0 Free-to-Play. Fir Fans vum Genre ass dat wuel ee vun deene wichtegste Release-Datumer, deen d’Gamescom bruecht huet.
Natierlech huet eis net all Spill iwwerzeegt. Bei ”Tomb Raider: Legacy of Atlantis” war d’Grafik no bal 30 Joer natierlech e grousse Schrëtt no vir. De Gameplay allerdéngs, dee mir gesinn hunn, konnt eis awer nach net komplett matrappen. Dobäi muss ee fair bleiwen: Et war en Alpha-Gameplay, also nach keng fäerdeg Versioun. Trotzdeem hat een den Androck, datt nach e bëssen Dynamik feelt.
Och ”Crazy Taxi: World Tour” huet méi villverspriechend geklongen, wéi d’Demo sech um Enn ugespuert huet. Ob dat un der gewielter Demo-Versioun mat hire Mini-Quests louch oder ob dem fäerdege Spill e roude Fuedem feelt, ass zu dësem Zäitpunkt nach schwéier ze soen.
An der Indie Arena Booth hu mir zwar net genuch Zäit gehat, fir Spiller selwer auszeprobéieren. De kuerze Tuer huet awer gewisen, wéi vill interessant Projeten et do ze entdecke gouf. Bei ”Broken Sword: The Smoking Mirror Reforged” gouf et souguer eng Autogrammstonn mam Charles Cecil, dem Designer a Chef vum Studio Revolution Software.
Wann ee schlussendlech dräi Spiller erauspicke misst, déi een am A behale soll, da wieren dat ”Warlock: Dungeons & Dragons”, ”RollerCoaster Tycoon Wonderworks” an ”Path of Exile 2”. Déi grouss Nimm hunn op der Gamescom meeschtens déi längste Schlaangen an déi spektakuläerste Stänn, mee grad déi méi kleng Iwwerraschungen an déi nei Interpretatioune vu bekannte Marke maachen esou eng Foire um Enn zu deem, wat se ass.