Et gi Spiller, déi sech eleng schon duerch hier Inzenéierung dann dach vun der Mass u Videospiller ofhieft.

Dazou gehéiert zum Beispill dat neit "Prince of Persia"-Spill mam Numm "The Lost Crown", dat réischt kierzlech erauskomm ass. Den David Winter mat weideren Detailer iwwert e Videospill-Klassiker, deen de Fans bis haut erhale bliwwen ass.

Prince of Persia - Reportage David Winter

Prince of Persia: The Lost Crown ass a gudder aler Retro-Manéier e sougenannte Plattformer oder Side-Scroller. Et gëtt hei keng Welt, an där sech d'Spillerinnen an d'Spiller fräi beweegen, ma et beweegt ee sech just vu lénks no riets, oder vun ënnen no uewen,... oder eben ëmgekéiert. Oldschhool oder net méi aktuell, ass d'Spill awer net, sou de Joseph-Antoine Clavet, den Director vum Spill bei Ubisoft Montpellier.

„You will play as Sargon, a young gifted Persian Warrior, part of an elite group: the Immortals. Right from the start, Sargon masters dual-sword combat. And through his adventure in Mount Qaf, he will find a new weapon: a bow, which can also turn into a chakram. He will also unlock new abilities, both defensive and offensive; and time powers. One of these time powers will allow the player to create an after-image of yourself, and teleport back to it at once. Another power will allow Sargon to grab distant elements and pull them or propel himself towards them."

Gespillt gëtt wéi gesot net an enger dräidimensionaler Welt, enger Open-World, déi jo hautesdaags quasi de Standard ginn ass. Et muss een sech éischter wéi fréier d'Mario-Spiller oder déi al Metroid Spiller virstellen, wou ee vu lénks no riets lafe kann an eben sprangen an aner Interaktiounen. Fir ganz genee ze sinn, nennt een dës hautdesdaags en 2,5D-Plattformer.

„Prince of Persia: The Lost Crown offers a world and characters built in 3D, in which you navigate in 2D.So, we can say this is a 2,5 D game. It allows players to travel through environments with profound,sumptuous backgrounds and to benefit from the fluidity of 3D animations, emphasizing incredible finishing moves."

Am Spill gëtt et eng ganz Partie u Géigner ze bekämpfen. Ma och den Entourage kann et méi schwéier maachen vir virunzekommen. D'Spill ass nämlech, wéi och scho bei de Virgänger, voll mat Falen a Rätselen, déi Geschéck, schnell Reaktioun an och e wéineg Nodenken viraussetzen.

"Prince of Persia: The Lost Crown" gëtt et fir PC an all aktuell Konsolen an dierft virun allem, awer net nëmmen, d'Fans vun de Virgänger-Spiller méi wéi glécklech stëmmen. Fir d'Spill eemol kënnen ze gewannen, maacht bei eisem Gewënnspill mat, dat op RTL.lu am Artikel an der Gaming-Rubrik.