No iwwer 20 Joer World of Warcraft (WoW) soll Forever nees dat Gefill an de Mëttelpunkt réckelen, dat vill Spiller um Original faszinéiert huet.
Ech hunn d'Beta ausprobéiert, awer bewosst nëmme bis Level 20 gespillt, fir mir selwer net ze vill vum Contenu ze spoileren.
Et ass wéi deen ee Geroch, deen een als Kand ëmmer an der Nues hat an op eemol als Erwuessenen nees erkennt. D'Nostalgie ass staark, mee Forever ass net einfach eng Kopie vum Original. D'Gaming-Branche huet sech an 20 Joer weiderentwéckelt, an och WoW muss net op all Confort verzichten, fir sech nees klassesch unzefillen.
De gréissten Ënnerscheed zu Retail WoW (déi aktuell "modern" Versioun) ass fir mech den Tempo. Am moderne WoW kënnt ee relativ séier op de maximalen Niveau, wou den eigentleche Contenu am Endgame läit. Bei Forever ass d'Levelen dogéint e feste Bestanddeel vum Spill.
Beruffer léieren, Material sammelen an nei Gebidder entdecke, gehéieren hei zum Spillerliefnis. Et kann ee sech Zäit huelen, ouni ze fäerten, datt d'Kolleegen zwee Deeg méi spéit schonn e ganz anere Contenu spillen.
"It's about the journey." Dat ass fir mech déi wichtegst Iddi hannert Forever.
World of Warcraft huet mëttlerweil eng ganz Rei Classic-Versiounen. Classic Era konservéiert dat ursprénglecht Spill, wärend Season of Discovery mat neie Fäegkeeten a Mechaniken experimentéiert huet. D'Classic-Expansioune féieren déi bekannt Geschichten an Abenteuer weider.
Season of Discovery huet quasi de Grondstee geluecht, fir dat, wat d'Community sech als Classic+ gewënscht huet. A genau dat versicht Forever elo.
Amplaz an déi bekannt Expansioune weiderzegoen, bleift een hei bei Level 60. D'Welt soll mat neie Geschichten, Gebidder an Abenteuer ausgebaut ginn. Esou kënnen och Geschichten erzielt ginn, déi am Verlaf vun der Retail-Geschicht vläicht ni eng Roll gespillt hätten.
Dat ass fir mech eng spannend Approche. Et ass Classic, mee net einfach nach eng Kéier dat selwecht.
Wat ech an der Beta bis elo gesinn hunn, ass villverspriechend. D'Atmosphär ass flott, an déi moderniséiert Elementer hëllefen, datt d'Spill net ze dréche gëtt. Bei den neien Updates an dem onerzielte Contenu kann ech nach net ze vill an den Detail goen. Vill dovunner hunn ech bis elo just a Presentatioune gesinn.
Wat mech awer scho begeeschtert huet, ass d'Aart a Weis, wéi d'Spiller an der Beta matenee kommunizéiert hunn. Et hu sech Gruppe gebilt, fir gemeinsam Aufgaben ofzeschléissen, an et gouf sech gehollef, ouni datt een iwwerhaapt huet misse froen.
De WoW-Forever-Hype ass fir mech verständlech. Verschidde Leit hunn d'Spill virun 20 Joer gespillt, anerer sinn deels säit 20 Joer dobäi. An där Zäit huet een net nëmmen am Spill vill erlieft, mee och offline.
Fir Casual-Spiller ass den Tempo interessant, fir Veteranen d'Méiglechkeet, dat klassescht Azeroth nees ze entdecken. An och fir komplett nei Spiller ka Forever eng spannend Entrée an d'WoW-Welt sinn.
Et ass net esou, datt Retail oder déi aner Classic-Versioune schlecht wieren. Forever bitt einfach eng aner Approche. Eng, bei där de Wee bis Level 60 e feste Bestanddeel vum Ganzen ass, an net nëmmen d'Virbereedung op dat, wat duerno kënnt.
Parallel zum Hype ronderëm WoW Forever huet sech och zu Lëtzebuerg eng Community forméiert. D'Grand Ducal Goblins sinn aus der Iddi entstanen, eng Guild op Lëtzebuergesch opzebauen.
Aus enger éischter Grupp vu ronn 20 bis 30 Leit si bannent e puer Deeg iwwer 130 Membere ginn. De Wuesstem schéngt aktuell nach weiderzegoen.
D'Zil ass et, eng Plaz ze schafen, wou jidderee sech doheem fillt. Egal ob alen Hues oder WoW-Ufänger: Hei soll een Hëllef kréien, wann een net weiderkënnt, e Guide oder einfach e klengen Tipp vun engem anere Spiller.
WoW ass en MMORPG, also e Massively Multiplayer Online Role-Playing Game. A genee do ass et fir mech wichteg, net eleng ze sinn. Dee Kader wëll GDG bidden: eng Community, déi zesumme spillt, sech hëlleft an Aventurë gemeinsam bestreit.
A vue, datt Lëtzebuerg net esou grouss ass, kann aus den Online-Kolleegen och méi ginn. E Patt zesummen drénken oder aner Aktivitéiten ausserhalb vum Spill kënnen dozou féieren, datt nei Frëndschaften entstinn.
Wie motivéiert ass, matzespillen an Deel vun de Grand Ducal Goblins ze ginn, ass bei hinnen häerzlech wëllkomm.
WoW Forever muss sech nach ob laang Siicht beweisen. Mee d'Beta huet mir gewisen, datt d'klassesch WoW-Erfarung och no 20 Joer nach funktionéiert. Start vun der neier Aventure ass an der Nuecht vun e Mëttwoch ob en Donneschdeg (5. November) um Mëtternuecht.