
“Hausdéiere sollen net méi just als Eegentum betruecht ginn”, esou den Ëmweltministère e Freideg zu London.
Wärend der Corona-Pandemie sinn d’Déifställ vun Hënn a Groussbritannien massiv eropgaangen. Bis ewell gëllt e geklaut Déier als verluerene Géigestand. Kann een den Déifstall noweisen, droe meeschtens nëmme Geldstrofen an der Héicht vun 200 bis 250 Pond.
D’Aféierung vun dem neie Gesetz gehéiert zu de Recommandatioune vun enger spezieller Unitéit, déi am Mee an d’Liewe geruff ginn ass, fir der Hausse vun den Déifställ entgéint ze wierken.
D’Britte si scho laang als Frënn vun Hënn bekannt. Duerch d’Pandemie ass d’Nofro geklommen an domat sinn och d’Präisser vun den Hënn an d’Luucht gaang. Fir verschidde Rassen ass de Präis ëm 90 Prozent eropgaangen. Dës Haussen hunn och den Interessi vu Kriminellen erwächt. 2020 si ronn 2000 Déifställ vun Hënn gemellt ginn.