
En Hond, dee sech wärend engem Spadséiergang lassgerappt huet, ass doropshin an engem Dachsbau verschwonnen. Well de Mupp net méi aus eegener Kraaft erauskoum, hunn d’Pompjeeën den Agang vum Bau mat Hëllef vu Schëppe méi grouss gemaach. Esou konnt den Hond vum Rettungsdéngscht vu Koplescht onverletzt erausgeholl an dem Proprietär iwwerreecht ginn.