Am Lift ageklemmtHond gouf zu Bochum aus mësslecher Lag gerett

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Mëtteg hunn d'Pompjeeën en Hond op eng éischter aussergewéinlech Aart a Weis misste retten.
© Feuerwehr Bochum

Wat war geschitt? Géint 16.40 Auer wollt eng Fra an engem Bürosgebai mam Lift aus dem Keller eropfueren. Mat dobäi hat si hiren Hond. Wéi d’Dier vum Lift zougaangen ass, ass de Mëssel geschitt: D’Fra war schonn dobannen, mä den Hond nach net. Um éischte Stack huet d’Fra de Lift direkt gestoppt an ëm Hëllef geruff.

Wéi d’Pompjeeën ukomm sinn, si si direkt an de Keller gaange fir den Hond, deen un der Léngt eropgezu gi war, ze stabiliséieren an d’Geschier ze duerchtrennen. Den Hond konnt ouni Blessuren zeréck bei seng Besëtzerin, déi du rëm glécklech war.

Back to Top
CIM LOGO