
Normalerweis hunn Touristen d’Déiere mat Banannen oder Nëss gefiddert. Op dës Manéier konnte si nämlech e Selfie mat den Afe maachen, déi et sech gären emol gemittlech op hirem Schouss oder hire Schëllere gemaach hunn.
Well manner Reesender op der Insel sinn, sinn och manner Leit op der Plaz, déi d’Primate fidderen. Op der Sich no Iesse kënnt et dowéinst an der Lescht ëmmer méi dacks vir, dass d’Afen a Wunnengen abriechen, erkläert de Manager vum Sangeh Monkey Forest, de Made Mohon. Och wann d’Déieren am Park eppes ze friesse kréien, géinge si, wéi et schéngt, drop waarden, vun den Touriste gefiddert ze ginn, erkläert de Mohon. Et kascht ronn 30 Euro den Dag, fir déi ronn 600 hongreg Mailer sat ze kréien.
Fir ze vermeiden, dass d’Afen aggressiv ginn, huet de Park-Manager un d’Autoritéiten appelléiert, de Sangeh Monkey Forest fir eng begrenzten Unzuel un Touristen nees opzemaachen. Och viru Corona ass et scho virukomm, dass Awunner an hirem Doheem vun dësen Déieren iwwerfall goufen, awer an der Lescht goufen et vill méi där Virfäll.
