
D’Koppel Hélios an Isis krut nach emol Nowuess. Weder d’Personal nach d’Visiteuren hate mat Nowuess bei den afrikanesche Léiwe gerechent. Ëmmerhin huet den Hélios scho 17 Joer. Fir d’Isis ass et no 2013 déi zweet Gebuert.
Den 22. August sinn d’Léiwe-Bëbeeën zu Amnéville am Zoo op d’Welt komm. Et ass e Männchen an e Weibchen.