
Zwee eeler Rocker goufen an der japanescher Präfektur Iwate beoptraagt, e Lidd ze schreiwen, fir op d’Geforen opmierksam ze maachen, déi vun de Bieren ausginn a wéi ee sech richteg verhale soll, wann een hinnen an der Natur iwwert de Wee leeft.
Bëbee-Biere si kleng, flauscheg a séiss, dat stëmmt. Awer et dierf een net vergiessen, dass an der Géigend vum Klengen eng Bieremamm lauert, déi ee plëtzlech ugräift, gëtt am Rock’N’Roll-Song gewarnt. Ma wéi soll ee sech da verhalen, wann een dobausse vun engem Bier iwwerrascht gëtt? “Kéier him nimools de Réck a laf fort” oder “spill net den doudege Mann” sinn zwee Tipps, déi den Nolauschterer kritt.
Am Norde vu Japan goufen et an der Lescht vill méi Rencontere mat wëlle Bieren. 2017 waren et der nach 700, lescht Joer iwwer 3.300. Bis Enn Oktober wäert de Warn-Song an de Stroossen an Akafszentre vun Iwate lafen, fir d’Awunner ze sensibiliséieren.