
De Moment sinn bestëmmt nees vill jonk Leit 'nei' op den Aarbechtsmaart komm, déi am Juli mat hirer Schoul oder hirer Léier fäerdeg gi sinn. Do kläert sech dann och op aus dem Dramjob eppes gëtt oder net. Um RTL Jobdag kann ee sengem Gléck e Mëttwoch nees e bësschen nohëllefen, an dat gëllt och fir déi, déi hir Plaz viru kuerzem verluer hunn oder sech verännere wëllen. De Patrick Greis huet mat zwee vun hinnen geschwat.
All Kandidaten vun den Audio-CV'en fann der ënner
. Do fann der och all Informatiounen iwwer den Jobdag vun e Mëttwoch dee mat engem Léierplazendag gekoppelt ass. 100 Stänn warden e Mëttwoch vun 08h00 an der City Concorde op Iech. Gitt bis laanscht, vergiesst ären CV net, an dann klappt dat och vläicht mam neien Job.