Den RTL Jobdag gëtt et 3x am Joer wou Patronen aus 13 verschiddene Branchen wärend 10 Stonnen rekrutéieren. 100 verschidden Patronen hu sech haut um 08h00 an der City Concorde Rendez-vous ginn fir hier fräi Plazen optimal ze besetzen, fir dass och déi nächst Zäit d'Aarbecht an hirem Betrib sou gutt a sou effikass wéi méiglech gemaach gëtt. Bis 18h00 kann een elo nach bis laanscht kommen an den Job vum Liewen fannen.

25-09-2024 RTL-Jobdag (17h40)