
D'Zuelen schwätzen eng kloer Sprooch wann een den Aarbechtsmaart aktuell analyséiert. 19.532 Leit hunn Enn Dezember d'lescht Joer no enger Plaz gesicht, an iwwerall verstoppt sech en eegent Schicksal hannendrun. Am Virfeld vum éischten RTL Jobdag vun dësem Joer, deen en Donneschdeg an der City Concorde organiséiert gëtt, huet de Patrick Greis e puer vun deenen Leit kennegeléiert déi op déi grouss Chance hoffen déi sech hinnen dës Woch mat 100 Stänn ënner engem Dag bitt.
Op jobdag.lu do fann der de Mads an de Christophe erëm, wann dir zu deene Patronen gehéiert, déi hinnen eng fräi Plaz proposéieren kënnen. Op jobdag.lu fann der awer och de Plang mat allen 100 Stänn déi en Donneschdeg an der City Concorde ze fanne sinn, schéin den Themen no, genee wéi d'Patronen vun der Stonn, déi sech en Donneschdeg vun 06h00 um Radio virstellen. Jobdag.lu ass awer och elo schonn déi richteg Adress, fir an der Sichmaschinn eng 6.700 fräi Plazen ze vergläichen.