Am Jean-Louis Schlesser sengem Buch „La Troisième Crise“ (Editions Phi) huet d’Finanzkris an Europa a besonnesch am Grand-Duché voll duerchgeschloen.

Bekannt gouf hien als Scénarist vun de Chômeurs-Filmer, vun „Deep frozen“ an och vun „Les réfractaires“, dee schonn eng ganz Rei Präisser am Ausland gewonn huet. En huet och schonn als Theaterauteur op sech opmierksam gemaach an als schaarfe Beobachter vun der Aktualitéit kommentéiert hien all Woch am „Jeudi“ déi national an déi international Politik. Elo huet en säin éischt Buch geschriwwen, e Polit-Thriller, deen zu Lëtzebuerg spillt. De Chômage läit bei 25%. D’Staatsbeamte kruten hir Pei ëm 30% gekierzt. D’Pensionären hu 35% manner an der Täsch. D’Finanzplaz ass um Wackelen, den Immobiliemaart ass zesummegebrach, d’Sécurité sociale ass kuerz virdrun, d’Inflatioun galoppéiert an op de Stroosse kënnt et zu Kläppereien.

Dësen Horrorszenario beschreift net dat Griichenland vun haut mä d’Situatioun zu Lëtzebuerg am Juli 2012, kuerz virun den Olympesche Spiller zu London. Am Jean-Louis Schlesser sengem Buch „La Troisième Crise“ huet d’Finanzkris an Europa a besonnesch am Grand-Duché voll duerchgeschloen. Iwwerall sinn déi ëffentlech Finanzen um Enn an déi politesch Systemer kommen ënnert d’Rieder. Flandern huet sech fir onofhängeg erkläert, doropshi goufen déi ostdäitsch Kantonen en Deel vun Nordrhein-Westfalen an och Wallounien ass onofhängeg. Quasi alleguer déi europäesch Fonctionnaire goufe vu Lëtzebuerg ofgezunn a liewen elo am District Européen, dem fréiere Bréissel, vu wou aus déi Europäesch Kommissioun Reschteuropa dirigéiert.

An der Belsch huet sech de Gérissem entwéckelt, eng rietsextrem, faschistoïd Bewegung mat un der Spëtz dem Alfred Becker, engem Nostalgiker vum Degrelle an de Waffen SS. Säin Dram ass „D’Grande Région“, e Mëttelräich tëscht Frankräich an Däitschland mat Lëtzebuerg als Haaptstad, dat vun der flämescher Grenz iwwer Wallounien, Lëtzebuerg, Elsass-Loutrengen an déi heiteg Bourgogne bis bei d’Schwäiz déi deemoleg Grouss-Bourgogne nees opliewe loosse soll. Chrëschtlech Valeure sollen nees gëllen, et soll Schluss si mat de Wäerter vum Siècle des Lumières awer och mam globaliséierte Materialismus.

An dëser ongewësser Situatioun demissionéiert den Thomas vu sengem Job als Journalist, well en sech ausgebrannt an depriméiert fillt an endlech nees Zäit wëll hu fir sech selwer. Kuerz drop gëtt d’Florence, eng Kollegin vun him, vru senger Dier erschoss nodeems hatt him gesot huet, et wier engem Komplott op der Spuer. Zesumme mam Gérard, sengem fréiere Chef, bréngt den Thomas dem Florence säi Büroscomputer a Sécherheet. De Pierrot, en Ex-Anarchist an heitege Sculpteur, deen awer och Elektronikspezialist ass, soll d’Geheimnis vum Florence sengen Dossiere knacken. Wéi deen och ermuerd gëtt, ass den Thomas sécher, datt et dem Pierrot gelong ass, en USB-Stick mat de Geheimdonneeën an enger vu senge mechanesche Skulpturen ze verstoppen. Ëmmer nees leet de Melchior, en onduerchsiichtege Riichter, him Steng an de Wee, mä um Enn geléngt et him dach, de Stick ze kréien an den Audiofichier ze lauschteren. Et handelt sech ëm Gespréicher tëscht Polizisten a Geheimdéngschter a verschiddene Länner op héchstem Niveau, wou et drëm geet, déi Länner duerch eng Stratégie de la Tension ze déstabiliséieren an d’Leit duerch permanenten Terror an Iwwerwaachung an de Grëff ze kréien. Dobäi soll en Attentat op d'Erëffnungszeremonie vun den Olympesche Spiller eng Haaptroll spillen, an dee ganze faschisteschen Zirkus mam Gérissem ass nëmmen en Oflenkungsmanöver.

Dem Jean-Louis Schlesser geléngt et direkt mat sengem éischte Roman en neie Genre an der lëtzebuerger Literatur ze etabléieren: dee vun der  politescher Fiktioun. Déi Welt, déi hie beschreift ass esou erschreckend wéi kohärent a bal schonn erschreckend kohärent. Et ass eng Welt, wou Polizisten a Geheimdéngschter Attentater plangen an éierlech Bierger aus dem Wee raumen, eng Welt déi un „1984“ vum George Orwell erënnert, mat CamCopteren déi se aus der Loft beobachten, an eng Welt wou Verschwörungstheorien Héichkonjunktur hunn. Bis bei den iwwerraschende Schluss bleift dem Lieser näischt anescht iwwreg wéi dem Auteur senger Meenung ze sinn: Déi richteg Verschwörung ass ze soen, et géif keng Verschwörung ginn!

Seng fein ziseléiert Sprooch, seng Dialogen, wou een direkt de Filmszenarist erkennt, an dat apokalyptescht Bild vu Lëtzebuerg, datt den Auteur moolt, dat zwar op méiglechen, mä awer hoffentlech falsche Prämisse baséiert, maachen „La Troisième Crise“ zu enger spannender Alternative um Lëtzebuerger Bichermaart, dee sech jo gemenkerhand op Kach- a Vëlosbicher limitéiert.