An den nächsten 2 Lektioune geet et ëm eisen Noperen hir Sprooch an eiser ...

Wou orientéiere mir eis am Lëtzebuergeschen um däitsche Schrëftbild?

AUDIO: Loscht op Lëtzebuergesch? Lektioun 7: Extrait Dictée

Op e sëlleche Plazen! Hei e sécher net exhaustiven Iwwerbléck: –       De v an den f stinn nom däitsche Schrëftbild: vir (vor), fir (für) ...

–       D’Schlusskonsonante riichte sech am Prinzip nom däitsche Schrëftbild: Dag (Tag), Daach (Dach), Doud (Tod), dout (tot), rout (rot), breet (breit), Bréif (Brief), Léiw (Löwe), léif (lieb), Zopp (Suppe), Stëbs (Staub) ...

–       Ass eng Ofleedung vum däitsche Schrëftbild net méiglech, da schreiwe mer f an net w, p an net b an t net d: Bouf, Krop, Muert ...

–       Ännert de Konsonant beim Schwätzen, da schreiwe mer gemengerhand dat, wat mir schwätzen:

- déi rout Bréck, ma op der rouder Bréck an am breede Wee

- ee Bréif, mä zwee Bréiwer

- ee Schantjen, e puer Schantercher

–       Am Wuert schreiwe mir g, wann am Däitschen och e g steet: Bierger, Ligen, Dugend, Jugend, Kugel, Vugel …

–       Wann am Däitschen -ig steet, schreiwe mir -eg:
bëlleg, hongereg ...

–       Wann am Däitsche -lich steet, schreiwe mir -lech:
endlech, heemlech ...

–       Um Enn vum Wuert schreiwe mir ch amplaz vum däitsche g, wann d’Silb kuerz a betount ass: ewech, genuch, Krich, Fluch, Zuch, Luch a Bedruch …

–       Mir schreiwen dacks ss, wann am Däitschen ss, chs oder z steet: Gaass, Haass, Taass, Wuess, Fuuss, Weess ...

EXERCICE: 1, 2 oder 3 – wéi ass et richteg? Ëmkreesen!

a) endlesch - endleg - endlech (endlich)

b) heemeleg - heemelech - heemelesch (heimelig)

c) Flughafen - Fluchhafen - Fluuchhafen (Flughafen)

d) wuessen - wuesen - wueßen (wachsen)

e) Spijel  - Spigel - Spighel (Spiegel)

f) Piischen - Pijen - Pigen (Pfirsiche)

g) fiischt - fijt - fiicht (feucht)

h) roude Bouf - roude Bouw - roude Bouv (roter Bube)

i) Déiv - Déiw - Déif (Dieb)

j) héije Krop - héiche Krob - héije Kroob (hoher Haken)

RTL

Corrigé: a3, b1, c2, d1, e2, f2, g3, h1, i3, j1