Famill vu verstuerwenem Nowuessfuttballer verklot d'CFL

© Facebook / FC Luxembourg City
Ufank August koum et zu Leideleng zu engem déidlechen Zuchaccident, bei deem ee jonke Futtballspiller ëm d'Liewe koum.
De 16 Joer alen Azaria, villverspriechenden Nowuessspiller vum FC Luxembourg City, gouf um Owend vum 6. August vum Zuch erfaasst an ass gestuerwen. Elo klot d'Famill vum Jugendleche géint d'CFL, wéi L’essentiel e Méindeg mellt. D'CFL hätten allerdéngs "nach keng Informatiounen iwwert eng Plainte" kritt a géife sech d'Klo fir d'éischt ukucken, ier se kommentéiere géifen.
De Parquet hat de Virfall Mëtt August als Accident agestuuft, Friemawierkung konnt deemno ausgeschloss ginn. Fir d'Famill vum Jong bleiwe L’essentiel no awer nach vill oppe Froen, virop ronderëm d'Sécherheet ronderëm d'Gare a ronderëm den Zuch, deen den Teenager erfaasst huet.
Dem Jong sengem Papp no hätt d'Famill iwwerdeems och nach perséinlech keng Condoleancë vun den CFL kritt - eppes, wat der Famill géif wéi doen. De Video vum Virfall hätt d'Famill och nach net gesinn, wat weider Froe géif oppe loossen.
Eng Woch nom Virfall war d'Doris Horvath, Chef de Service vun der Sécherheet, der Sûreté an der Ëmwelt bei den CFL, als Invitée op der RTL-Antenn. Si huet der Famill hiert Bäileed ausgesprach a preziséiert, datt den Zuch eng Vitess vun iwwer 100 Stonnekilometer bei der Duerchfaart hat. Esou eng Vitess wier och erlaabt. De jonke Mann wier vum Zuch erfaasst ginn, wéi e bei der Leidelenger Gare iwwert d'Gleise gelaf ass.