E Méindegmoien ass et op der N11 tëscht Gonnereng a Jonglënster zu engem déidlechen Accident komm.

Géint 7.30 waren en Auto an eng Camionnette aneneegerannt. De Chauffer vum Auto, e 27 Joer ale Mann aus Frankräich, ass dobäi nach op der Plaz u senge Blessure verscheet, deelt d'Police an engem Communiqué mat. De Fuerer a Bäifuerer vun der Camionnette goufe liicht blesséiert, esou d'Police weider.

Am Bulletin vum CGDIS heescht et, datt insgesamt dräi Persoune blesséiert goufen. Am Asaz waren d'Rettungsekippe vu Jonglënster, Iechternach, der Fiels an Nidderaanwen.

Op Uerder vum Parquet war och d'Police judiciaire op der Plaz. D'Streck war wärend dem Rettungsasaz fir den Trafic temporär gespaart.

27 Joer ale Chauffer stierft no Kollisioun mat Camionnette
E Méindegmoien ass et op der N11 tëscht Gonnereng a Jonglënster zu engem déidlechen Accident komm.