Miles To Perdition schalte mat hirem Debutalbum Blasphemous Rhapsody e Gang erop..

Et gëtt Bands, déi kléngen no 20 Joer Carrière nach ëmmer d’selwecht. Aner Bands wiesselen hire Stil regelméisseg an nach aner Bands bleiwen hirem Stil trei, a gi mat der Zäit just besser. Eng vun deene Bands ass d’Lëtzebuerger Formatioun Miles To Perdition, déi e Samschdeg hiren éischten Album eraus bréngen.

Dat éischt wat engem beim Album opfält ass den Numm an de Cover. Blasphemous Rhapsody heescht dat gutt Stéck an um düstere Cover gesäit een eng Kierch mat Kräizer, déi brennen (a virdrun e rosene Ken mam Hummer..). Och wann et der Band u sech net ëm d'Verherrlechen vum Däiwel geet, sou huet et dach en Zweck, dass ee sou clichéhaft a blasphemesch virgeet. Den Haaptmotto ass nämlech Roserei. An den Texter geet et virun allem ëm Rosrerei op d'Relioun am Allgemengen oder op aner Institutiounen, déi d'Welt zu där verréckter Plaz maachen, op där et quasi net méi auszehalen ass, wann een net iergendee Ventil huet...
Nei ass - am Verglach zu der EP Vengeance, déi 2010 eraus komm war - dass alles e gudde Krack méi technesch, méi brutal, méi melodiéis a méi intensiv ginn ass. D'Band huet sech zu enger richteger Headbang-Maschinn entwéckelt. Déi béis Riffer si voll gepompelt mat Energie, vervollstännegt gëtt d'Gittarsaarbecht duerch technesch interessant Licks an Harmonien. Ënnermauert gëtt dat ganzt duerch wëll blast beats an double bass, déi scho ferm an d'Richtung vum Black Metal ginn..

Och a Punkto Vocals huet Blasphemous Rhapsody wäit méi ze bidde, wéi déi lescht EP. Vun déiwen a béise Growls bis hin zu hysteresche Screams; ass hei alles dobäi, heiansdo souguer béides gläichzäiteg.

Fir mech perséinlech sinn allerdéngs ze vill Breakdowns am Spill. Si ginn zwar op de richtege Plazen agesat, mä ze vill Breakdowns fannen ech perséinlech iergendwéi langweileg.. Fir de Rescht geet et op Blasphemous Rhapsody vun Ufank u bis zum Schluss einfach nëmme virun, just heiansdo kritt een eng kleng Paus gebueden, dass ee sech bëssen erhuele kann. Perfekt Beispill hei vir ass d'Lidd Circles, an deem ee souguer ganzer 2 Minutte kee Gesang héiert an d'Gittaren an engem relaxen Duett am Virdergrond stinn.

Leider feelt mir bei Miles to Perdition bëssen de perséinlechen Touch. Wann ech den Album lauschtere kënnt et mir vir, wéi wann ech awer alles iergendwéi schonn emol héieren hunn.. Mä dowéinst ass den Album nach laang net schlecht - Blasphemous Rhapsody ass en exzellenten an technesch ausgefeilten Album, deen alt nees beweist, wat fir talentéiert Museker mir hei am Land hunn!

Eraus kënnt Blasphemous Rhapsody e Samschdeg an der Kufa. Mat dobäi hu si An Apple A Day, Amobea an Abstract Rapture. Lass geet et um 8 Auer, den Entrée kascht 6 Euro, den Album kascht der 10.

An: Deen Owend spendéiere Miles to Perdition jidderengem, dee bei de Merch kënnt en quasi hauseegene Rum..

Lauschtert hei och de ganzen Interview mam Sänger Ken & Gittarist Marc:

AUDIO: De ganzen Interview mat Miles To Perdition

Tracklist:

01. Si Vis Pacem Para Bellum
02. Pray To Destroy
03. In Defiance Of Defeat
04. Ally And Eradicate
05. Slave Nation
06. Karmasutra
07. Us, Pathetic, Unwilling
08. Blasphemous Rhapsody
09. Circles.