"Die Rosenkriege" vum Conn Iggulden

© Heyne Verlag
Deel 1: "Sturmvogel"
Historesch Romaner sinn d’Spezialitéit vum briteschen Auteur Conn Iggulden. Mat Bicher iwwert de Julius Cäsar an de Kublai Khan huet en sech en Numm gemaach, elo huet hie mat der Serie “Die Rosenkriege” en historescht Thema aus sengem eegene Land opgegraff.
“Ihm fiel plötzlich ein, dass seine Mutter immer gesagt hatte, Drosseln seien vor einem Gewitter die letzten Vögel am Himmel. Wenn Bauern sahen, wie sei sich als einzige noch vom Wind tragen ließen, wussten sie, dass ein Sturm heraufzog”
Nach ass de Stuerm net do, mä am Joer 1443 deit alles drop hin dass en net méi laang wäert op sech waarde loossen. Ironescherweis fänkt et domat un dass den englesche Kinnek Henry de 6ten Fridde mat Frankräich sicht. Säi Papp Henry de 5ten hat no der Schluecht vun Agincourt säin Afloss a Frankräich gefestegt a mat der Catherine de Valois och nach d’Duechter vum franséische Kinnek bestuet. De Jong, den Henry de 6ten, wier also nom Doud vu sengem Papp net nëmme Kinnek vun England ginn, hien hätt och déi franséisch Kroun vu sengem Grousspapp Charles dem 6ten dobäikritt. 1422 ass den Henry de 5te gestuerwen, a säi Jong gouf dee jéngste Kinnek an der Geschicht vun England, hien hat grad emol 9 Méint.
1443, zu dem Ament wou dem Conn Iggulden säi Buch d’Geschicht opgräift, ass aus dem Puppelchen e jonke Mann ginn deen, am krasse Géigesaz zu sengem Papp, awer och guer näischt mat Krich um Hutt huet. Deeler vun Nordfrankräich sinn zwar ëmmer nach an englescher Hand, mä dee jonke Kinnek bréngt et net fäerdeg se militäresch ofzesécheren. Den Henry ass schwaach, souwuel kierperlech wéi och mental. Dacks ass hien iwwer länger Zäit komplett apathesch an eigentlech regéiert hie säi Land guer net selwer. Dat maachen de facto de Meeschterspioun Derry Brewer an den Duke of Suffolk, William de la Pole. Si sinn et och déi d’Iddi hunn mat Frankräich e Fridden auszehandelen, allerdéngs fir e ganz héige Präis. England ass bereet fir Maine an Anjou zeréck u Frankräich ze ginn, am Géigenzuch kritt den Henry d’Hand vun der 14 Joer jonker Marguerite d’Anjou. An deene Gebidder hunn awer och vill Englänner gelieft déi sech do hir Existenz opgebaut haten, an elo vun de Fransouse verdriwwe ginn. Am Vollek mécht sech Onzefriddenheet breet, op béide Säite vun der Manche. Och den Adel ass net frou iwwert dee schwaache Kinnek an de Richard Plantagenet, Duke of York, kéint sech d’Kroun ganz gutt op sengem eegene Kapp virstellen...d’Bün ass preparéiert fir de Konflikt tëscht der rouder Rous vum Haus Lancaster an der wäisser Rous vu York.
Dësen éischten Deel mam Titel “Sturmvogel” beschreift just wéi et esou wäit komme konnt. Eréischt am zweeten Deel, “Trinity” den am September op englesch erauskomm ass, geet den eigentleche Rousekrich un, e brutale Biergerkrich den sech iwwer 3 Jorzéngten hinzitt.
De Conn Iggulden hëlt sech e puer dichteresch Fräiheeten eraus, wéi en an enger Annexe um Enn vum Buch erklärt. Et ass sécher net falsch dat ze liesen ier ee mam Roman selwer ufänkt, et ass awer keng Mussesaach, well de Conn Iggulden beschreift den historesche Stoff op eng einfach a kloer Manéier. Et ass him unzerechnen dass hien sech op dat essentiellt konzentréiert an net nach eng ganz Rëtsch vun Niewepersonnagen an Handlungen dobäierfënnt. Sou ass dat ganzt e liichte Liespleséier bei dem een ganz niewebäi och nach e Stéck englesch Geschicht matgeliwwert kritt.
“Sturmvogel”, den éischten Deel vum Conn Iggulden senger Serie “Die Rosenkriege”, ass an der däitscher Versioun bei Heyne erauskomm.