Expo an der Villa Vauban
Viaggio in Italia
Expo Viaggio in Italia
Villa Vauban
Entdeckungstour duerch "Bella Italia"
Seng landschaftlech Villfalt a säi grousse kulturelle Räichtum maachen Italien schonn zanter Joerhonnerten zu engem vun de beléiftste Reesziler iwwerhaapt. Wiem et dëse Summer no enger klenger Rees duerch "Bella Italia" ass, dee muss sech awer net extra op dee laange Wee an de Süden maachen.
Mat Konschtwierker aus véier Joerhonnerte féiert d’Ausstellung " Viaggio in Italia ", een a sechs Raim duerch déi beléiftste Stied a Regioune vum Land.
D'Ausstellung mat italieeneschem Flair kann ee sech nach bis den 12. Oktober ukucke goen.
Am meeschte gelies