20 Concerten an Europa
Brittesch alternativ Rockband Radio Head annoncéiert éischt Tour zanter 7 Joer

© KAMIL KRZACZYNSKI / AFP
Fans vun alternativer Musek kënnen dësen Hierscht a Wanter op hir Käschte kommen.
Déi brittesch alternativ Rockband Radiohead huet hir éischt Tour zanter 2018 annoncéiert. 20 Concerten a fënnef Länner si fir November an Dezember geplangt.
Hei den Iwwerbléck vun de Concerten:
4., 5., 7. an 8. November: Madrid (Moviestar Arena)
14., 15., 17. an 18. November: Bologna (Unipol Arena)
21.,22., 24. a 25. November: London (The O2)
1., 2., 4., a 5. Dezember: Kopenhagen (Royal Arena)
8., 9., 11. an 12. Dezember: Berlin (Uber Arena)
D'Registréierung, fir en Ticker kënnen ze kafen geet e Samschdeg um 1 Auer moies um Internetsite vun der Band op.
Am meeschte gelies