De 4. September 1975 ass eng Zäitschrëft erauskomm, déi eng kleng Revolutioun um Marché vun de Kannerzäitschrëfte lassgetrëppelt huet a mëttlerweil Kult ass.

Yps huet déi Zäitschrëft geheescht, an nieft de ville Comicgeschichten am Heft war et virun allem de Gimmick, deen de groussen Ënnerscheed gemaach huet. Eng kleng Spillsaach, déi een entweder d'éischt nach huet missen zesummebauen oder mat där een direkt spille konnt.

Dat gouf et am däitschsproochege Raum ënnert där Form nach net, a Frankräich war scho sechs Joer méi fréi d'Zäitschrëft "Pif Gadget" erauskomm, mat deem selwechte Konzept. An eng Partie Comics aus dem Pif sinn duerno och am Yps erauskomm. Awer net nëmmen, well déi zoustänneg Redakteren hunn och an anere Länner no Talenter gesicht, déi hinne Billergeschichte liwwere kéinten.

RTL

© 2025 Egmont Ehapa Media

D'Comics aus dem Yps si Kult, mä och d'Gimmicks. Do goufen et ganz Serien, déi ëmmer nees widderholl goufen: Agenten-Gimmicks, Survival-Gimmicks oder zum Beispill Zauber-Gimmicks – Planzen an d'Urzäitkriibse waren och Kult. An ëmmer nees war eng Iwwerraschung dobäi, wourënner ee sech als jonke Lieser net ëmmer eppes virstelle konnt, mä wat herno eng gewëss Faszinatioun ausgeléist huet.

An och am Gebuertsdagsheft ass ee Gimmick dobäi: Eng Dartsscheif, déi engem hëllefe soll, wann een eng Decisioun muss huelen. Ee Gimmick am typeschen Yps-Stil, mat enger gesonder Portioun Humor.

RTL

© 2025 Egmont Ehapa Media

Fir all dat ze feieren gëtt et fir de 50. Gebuertsdag vum Yps elo eng Spezialeditioun mat direkt zwee Hefter. Eng Kéier d'Heft 1284 am klassesche Format, dat mat Comics, Rätselen a Witzer. Mat deem Heft gëtt et och nach eng Zäitschrëft, an där d'Zäit an där den Yps am populäerste war – d'1970er an 80er – nach eemol opliewe gelooss gëtt.

Promien erzielen aus där Zäit, erënnere sech un hir Yps Hefter a wéi eng Gimmicks si markéiert hunn. Et gëtt Artikelen iwwert Filmer, Tëleesserien, Musek, Spillsaachen an Turnschlappen. Lauter Saachen, déi haut och ee gewësse Kultcharakter hunn. Donieft ginn et och e puer Artikele mat Leit, déi um Yps Heft matgeschafft hunn, dorënner d'Hannelore Müller-Scherz, d'Fra vun der éischter Stonn, déi den Yps mat op de Wee bruecht huet.

RTL

© 2025 Egmont Verlagsgesellschaften

Wien doriwwer eraus nach méi Zäit mat Erënnerungen un déi 50 Joer Yps verbrénge wëll: Den 9. September 2025 kënnt nach ee Buch eraus, dat op ronn 175 Säiten nach méi Artikelen iwwert den Yps an d'Hannergrënn vum Succès proposéiert, begleet vun enger Selektioun Comics aus deene 50 Joer.

Déi zwee Gebuertsdagshefter mam Gimmick kaschten zu Lëtzebuerg 10,35 Euro a si vum 4. September un an den Zeitungsbutteker. A well esou speziell Editiounen normalerweis séier ausverkaf sinn, kënnt Dir hei matspillen, a mat e bëssche Chance d'Yps-Gebuertsdagseditioun – 2 Hefter mat Gimmick – gewannen.

De Radio-Reportage iwwert 50 Joer Yps