D’Couverture vun dem Buch dat mer Iech haut virstellen offréiert e Bléck iwwert d’Diecher vu Casablanca. Opfälleg sinn déi vill Satelitteschosselen, déi wi wäiss Champignonen eenzel oder a Gruppen aus de Mauere wuessen. „Entre deux“ sou den Titel vun der Lëtzebuergerin Nelly Lecomte hirem neitste Roman, den am Maroc spillt an eng ganz onerwaarte Facette vun der Migratioun thematiséiert. D’Bea Kneip erzielt Iech méi.

„Entre deux“ vun der Nelly Lecomte ass am franséische Verlag „L’Harmattan“ erauskomm, an der Kollektioun „Rue des écoles“.

RTL

Iwwert d'Auteure:
D’Nelly Lecomte, Joergang 1958, huet zu Stroossbuerg Literatur studéiert, si huet hir Dokteraarbecht iwwert déi modern Literatur aus Schwaarzafrika geschriwwen. Déi gebierteg Lëtzebuergerin lieft haut an der Belsch, si huet awer och am Gabon an am Maroc als Franséischprof geschafft.