Zweet deierst versteete Konschtwierk
"Bildnis Elisabeth Lederer" vum Gustav Klimt gouf versteet
© Photo by CHARLY TRIBALLEAU / AFP
Iwwer 204 Milliounen Euro huet e Keefer bei enger Stee vu Sotheby's fir d'Bild vum éisträichesche Moler ausginn.
D'Bild gouf zu New York versteet a bis ewell ass den Numm vum Keefer net gewosst. Mat iwwer 204 Milliounen Euro ass de Portrait vum "Elisabeth Lederer" domadder dat zweetdeierst Konschtwierk, wat jeemools op enger Stee verkaaft gouf.
De Rekord hält den Tableau "Salvator Mundi" vum Leonardo da Vinci.
Am meeschte gelies